Münchener Ofkommes

Vu Wikipedia
vir: Chamberlain, Daladier, Hitler, Mussolini, an den ital. Ausseminister Galeazzo Ciano.
D'"Reichsgau Sudetenland", als deen den Territoire kuerz duerno an d'Däitscht Räich annektéiert gouf.

D'Münchnerer Ofkommes ass en Ofkommes, mat deem Frankräich a Groussbritannien et Nazi-Däitschland erlaabt hunn, Deeler vun der Tschechoslowakei laanscht d'däitsch Grenz, an deene virun allem däitsch geschwat gouf, an déi Sudentenland genannt goufen, z'annektéieren.

D'Ofkommes dat op den 29. September datéiert war, gouf fréi am Muere vum 30. September 1938 zu München vum Neville Chamberlain (fir Groussbritannien), Édouard Daladier (fir Frankräich), Benito Mussolini fir Italien) an Adolf Hitler (fir Däitschland) ënnerschriwwen. Vun der Tschechoslowakei war kee Representant dobäi.

Am Réckbléck gëtt et als e Versuch ugesinn, Nazi-Däitschland mat Konzessiounen ze zëssen (engl.: "appeasement"), deen awer näischt bruecht huet a vum Hitler éischter als Encouragement ugesi gouf, seng Annexiounspolitik weiderzedreiwen. Den Ewechfall vum "Sudentenland" war e schwéiere strategesche Schlag géint d'Tschechoslowakei, där hir Verdeedegungsinfrastrukture laanscht d'Grenz domat fleete waren. Vun tschechoslowakescher Säit gouf d'Ofkommes dofir och als e Verrot vu Frankräich a Groussbritannien ugesinn, an dofir "Münchener Diktat" (tschechesch: Mnichovský diktát; slovakesch: Mníchovský diktát) oder "Münchener Verrot" (tsch.: Mnichovská zrada; slow.: Mníchovská zrada) genannt.