Māšā'allāh Ibn-Aṯarī
De Māšā'allāh Ibn-Aṯarī, gebuer virun 762 a gestuerwen ëm 815 war e jiddeschen Astronom an Astrolog.
Inhaltsverzeechnes |
Liewen a Wierken [änneren]
De Māšā'allāh (de jiddesche Numm war Manasse) hat gelieft a gewierkt am Räich vun den Abbasiden an der Stad Basra am haitegen Irak. Seng genee Liewensdaten sinn net bekannt. Hie war bedeelegt un den astrologeschen Ënnersich hisiichtlech dem Grëndungsdatum vun der neier Räichshaaptstad Bagdad den 30. Juli 762.[1] Horoskope an senge Wierker datéieren tëschent 762 an 809. Zu der Zäit vum Al-Maʾmūn, deen 813 Kalif gouf, soll hien no Ibn an-Nadīm nach gelieft hunn. Et gëtt ugeholl, datt hien am Joer 815 gestuerwen ass.
A sengen astrologesche Wierker hat hien och Konzepter vu griichescher Astrologie, Astronomie a Philosophie opgeholl, wéi och sassanidesch an indesch astrologesch Quellen beaarbecht. Seng Wierker goufen am islamesche Raum als autoritativ ugesinn a goufen och an d'laténgescht iwwersat.
De Moundkrater Messala ass no him genannt.
Wierker [änneren]
Wierklëscht vum Ibn an-Nadīm [änneren]
Eng Lëscht mat arabeschen Titele vu senge Wierker.[2] Folgend Titele gi genannt:
- Kitā al-mawālid al-kabir („Grousst Buch vun den Nativitéite“)
- Fi al-qirānāt wa ’l-adyān wa ’l-milal („Iwwer Konjunktioune, Natiounen an Religiounen“)
- Kitāb matrah al-shu’ā’ („Buch iwwer d'Projektioun vu Stralen“)
- Kitāb al-ma’ānī („Buch vun den Definitiounen“)
- Kitāb sana‘at al-asturlāb wa ’l-‘amal bihā (Buch iwwer Konstruktioun a Gebrauch vum Astrolabium)
- Kitāb dhāt al-halaq („Buch iwwer d'Armillarsphär“)
- Kitā al-amtār wa ’l-riyāh („Buch iwwer Reen a Wand“)
- Kitaāb alsahmayn („Buch iwwer zwéi Schicksale“)
- Kitāb al-ma’rūf bi’ wa’ l-’shrīn („Buch bekannt als d'27“)
- Kitāb al-̣hurūf („Iwwer Buschtawen“)
- Kitāb al-suḷtān („Iwwer Regierung“)
- Kitāb al-safar („Iwwer Reesen“)
- Kitāb al-as’ār („Iwwer Präisser“)
- Kitāb al-mawālid („Iwwer Nativitéiten“)
- Kitāb tạhwīl sinī al-mawālīd („Iwwer d'Joresleef vun de Nativitéite“)
- Kitāb al-duwal wa ’l-milal („Iwwer Dynastie a Religioune“)
- Kitaāb al-̣hukm ‘alā ’l-ijtimā’āt wa ’l-istiqbālāt („Iwwer Bewäertunge entspriechend vu Konjunktioune an Oppositioune [der Sonn an dem Mound]“)
- Al-Kitāb al-murdī („Dat erfreelecht Buch“)
- Kitāb al-şuwar wa ’l-̣hukm ’alāyhā („Iwwer Konstellatioune an hir Bewäertunge“)
Iwwersetzungen [änneren]
- De revolutionibus annorum mundi (Iwwersetzung vun engem verluerenem Wierk [3])
- Epistola de rebus eclipsium oder De ratione circuli et stellarum (Iwwersetzung vum Johannes Hispalensis [3]; hebräesch Iwwersetzung vum Abraham ibn Esra vun 1148 [4]
- Super significationibus planetarum in nativitate (Übersetzung von Johannes Hispalensis [5])
- De septem planetis
- De receptione (Übersetzung von Johannes Hispalensis [3])
- De scientia motus orbis oder De elementis et orbibus coelestibus (Übersetzung von Gerhard von Cremona [6])
- De electionibus (zweifelhafte Zuschreibung)
Déi folgend Iwwersetzunge gi wahrscheinlech op Deeler vum Kitāb al-ma’rūf bi’ wa’ l-’shrīn („Buch bekannt als d'27“) zréck:
- De cogitationibus oder De interrogationibus
- De occultis
- Liber iudiciorum
- De interpretationibus
Editiounen [änneren]
- Works of Sahl and Masha'allah. Übersetzung von Benjamin Dykes. Cazimi Press, Golden Valley, MN, 2008.
- Masha'allah: On Reception. Übersetzung von Robert Hand. ARHAT Publications, Reston, VA, 1998.
Literatur [änneren]
- David Pingree: Māshā’ Allāh. In: Complete Dictionary of Scientific Biography. Bd. 9. Charles Scribner's Sons, Detroit 2008, S. 159-162.
- J. Samsó: Māshāʾ Allāh. In: Encyclopaedia of Islam, 2. Aufl. 2012, s. v.
- F. J. Carmody: Arabic Astronomical and Astrological Sciences in Latin Translation. Berkeley-Los Angeles 1956, S. 23–38.
- Lynn Thorndike: The Latin Translations of Astrological Works by Messahala. In: Osiris, 12 (1956), S. 49–72.
Referenzen [änneren]
- ↑ Journal of Near Eastern Studies, Bd. 29 (1970), S. 104
- ↑ G. Flügel, ed. Leipzig 1871, S. 273–274
- ↑ 3,0 3,1 3,2 Gedruckt von Bonetus Locatellus, Venedig 1493, 1519 und I. Heller, Nürnberg 1549
- ↑ Englische Übersetzung von B. Goldstein: The Book on Eclipses of Masha’allah. In: Physis 6 (1964), S. 205–213
- ↑ Druck von I. Heller, Nürnberg 1549
- ↑ Drucke I. Stabius, Nürnberg 1504 und I. Heller, Nürnberg 1549