M81-Grupp

Vu Wikipedia
D'Galaxien M81 (ënnen) an M82 (uewen) déi de Kär vun der M81-Grupp maachen, opgeholl vum Galaxy Evolution Explorer. Eppes méi lénks vum M81 ass d'Zwerggalaxis Holmberg IX, eng Satellitegalaxis vum M81.

D'M81-Grupp ass eng Galaxiëgrupp, déi an nächster Noperschaft vun der Lokaler Grupp steet. Zu der lokaler Grupp gehéiert nieft der Mëllechstrooss och d'Andromedagalaxis. Déi bekanntst Membere vun der M81-Grupp sinn déi zwou Galaxien M81, vun där sech den Numm ofleet, an de Messier 82. Zesumme gehéieren iwwer 60 Galaxien zu där Grupp, dovu siwe grouss Galaxien.

Entdeckungsgeschicht[änneren | Quelltext änneren]

Déi éischt Membere vun der M81-Grupp ware scho géint Enn vum 18. Joerhonnert bekannt. Déi zwou bekanntst Galaxië vun der Grupp, M81 an M82, goufen den 31. Dezember 1774 vum däitschen Astronom Johann Elert Bode entdeckt. Onofhängeg dovu goufe béid Galaxien am August 1779 vum Pierre Méchain fonnt, dee se an dem Charles Messier säi Katalog ophuele gelooss huet. All NGC-Objeten an der M81-Grupp goufen tëscht 1788 a 1801 vum Wilhelm Herschel fonnt a katalogiséiert.

Morphologie[änneren | Quelltext änneren]

D'Lag vun der M81-Grupp an der Noperschaftvun der Lokaler Grupp

D'M81-Grupp erstreckt sech iwwer d'Stärebiller Grousse Bier a Giraff an huet eng Wénkelausdehnung vu ronn 40° × 20°, dat ass ongeféier 1,8 × 0,9 Megaparsec oder 5,87 × 2,93 Millioune Liichtjoer.

D'Distanz vun eiser Sonn zum Zentrum vum Galaxiëkoup ass ongeféier 12 Millioune Liichtjoer. Domat ass d'M81-Grupp eiser lokaler Grupp den zweetnooste Galaxiëkoup. Eppes méi no leien Deeler vun der Sculptor-Grupp, e Galaxiëkoup deem säin Zentrum och ronn 12 Millioune Liichtjoer ewech läit.

D'M81-Grupp an d'lokal Grupp gehéiere mat e puer aner Galaxiëgruppen zum Virgo-Superkoup, deem säin Zentrum de Virgo-Galaxiëkoup ass. Op Grond vun de wéineger Routverrécklung vun den M81-Gruppememberen ass unzehuelen, datt sech d'M81-Grupp geneesou wéi d'lokal Grupp op den Zentrum vum Virgo-Galaxiëkoup zoubeweegt. Den Zentrum vum M81-Grupp maachen d'Galaxien M81, M82 an den NGC 3077 souwéi e puer aner Spiralgalaxien an irregulär Zwerggalaxien.

D'Mass vun der visueller Matière inklusiv vun der berechneter Mass vun der donkeler Matière ass (1,6 ± 0,3) • 1012 M Sonnemassen.

Galaxien an der M81-Grupp[änneren | Quelltext änneren]

Membere vun der M81-Grupp
Numm Aner
Bezeechnungen
Typ Rekt. (J2000.0) Dekl. (J2000.0) Distanz
zu der Sonn
(Millioune Lj)
Hellegk.
m
Rout-
verrécklung

(km/en)
Visuellen
Duerchmiesser
Absolutten
Duerchmiesser
Liichtjoer
Mass [M]
M81 NGC 3031 SA(s)ab 09h55m33s +69°03'55" 11,84 +6,9 -34 ± 4 26,9' × 14,1' 95'000
NGC 2403 SAB(s)cd 07h36m51s +65°36'09" 10,76 +8,93 131 ± 3 21,9' × 12,3' 75'000
NGC 4236 SB(s)dm 12h16m42s +69°27'45" 14,51 +10,05 0 ± 4 21,9' × 7,2' 75'000
IC 2574 SAB(s)m 10h28m23s +68°24'44" 13,11 +10,8 57 ± 2 13,2' × 5,4' 45'000
M82 NGC 3034 I0 09h55m52s +69°40'47" 11,51 +9,3 203 ± 4 11,2' × 4,3' 40'000
NGC 2366 IB(s)m 07h28m55s +69°12'57" 10,40 +10,91 80 ± 1 8,1' × 3,3' 30'000
UGC 4305 Holmberg II Im 08h19m05s +70°43'12" 11,06 +11,1 142 ± 1 7,9' × 6,3' 30'000
NGC 2976 SAc 09h47m15s +67°54'59" 11,61 +10,82 3 ± 5 5,9' × 2,7' 20'000
NGC 3077 I0 10h03m19s +68°44'02" 12,46 +10,61 14 ± 4 5,4' × 4,5' 20'000
NGC 4605 SB(s)c 12h39m59s +61°36'33" 16,96 +10,1 143 ± 5 5,8' × 2,2' 20'000
UGC 5139 Holmberg I IAB(s)m 09h40m32s +71°10'56" 12,52 +13 139 ± 0 3,6' × 3' 15'000 5,5 • 108
NGC 5204 SA(s)m 13h29m37s +58°25'07" 14,51 +11,73 201 ± 1 5' × 3' 15'000
NGC 3738 Irr 11h35m49s +54°31'26" 15,49 +12,13 229 ± 4 2,5' × 1,9' 10'000
UGC 5336 Holmberg IX Im 09h57m32s +69°02'45" 12,06 +14,3 46 ± 6 2,5' × 2' 10'000
UGC 5692 DDO 82 Sm 10h30m35s +70°37'07" 13,05 +13,47 56 ± 3 3,2' × 1,8' 10'000
UGC 5918 DDO 87 Im 10h49m37s +65°31'50" 24,14 +15,1 340 ± 1 2,4' × 2,4' 10'000
UGC 8201 DDO 165 Im 13h06m25s +67°42'25" 14,91 +12,8 31 ± 0 3,5' × 1,9' 10'000
UGCA 133 DDO 44 Im 07h34m11s +66°53'10" 10,40 +15,64 3' × 2' 10'000
PGC 23521 M81 dwarf A, KDG 52 I 08h23m56s +71°01'45" 11.58 +16,5 133 ± 0 1,3' × 0,7' 5'000
PGC 30664 DDO 78 Im 10h26m27s +67°39'16" 12,13 +15,8 55 ± 10 2' × 2' 5'000
UGC 3794 Sm 07h22m51s +77°48'23" +16,5 2656 ± 4 1,5' × 1,3' 5'000
UGC 4459 DDO 53 Im 08h34m07s +66°10'54" 11,61 +14,48 20 ± 0 1,5' × 1,3' 5'000
UGC 4483 BCG 08h37m03s +69°46'31" 10,47 +15,12 156 ± 0 1,4' × 0,7' 5'000
UGC 4945 UGCA 158 Im 09h22m25s +75°45'57" 17,29 +17 659 ± 1 1,3' × 1,1' 5'000
UGC 5423 M81 dwarf B Im 10h05m31s +70°21'52" +15,19 347 ± 1 0,9' × 0,6' 5'000
UGC 5428 DDO 71 Im 10h05m06s +66°33'32" 11,42 +18 -129 ± 0 0,9' × 0,9' 5'000
UGC 5442 KDG 64 Im 10h07m02s +67°49'39" 12,07 +18 -18 ± 14 1,8' × 0,9' 5'000
UGC 6456 11h27m60s +78°59'39" 14,16 +14,5 -103 ± 0 1,4' × 0,8' 5'000
UGCA 220 Im 10h49m23s +64°43'20" +16,9 1,7' × 1,2' 5'000
UGCA 105 Im 05h14m15s +62°34'48" 10,63 +13,9 111 ± 5 5,5' × 3,5'
NGC 4144 SAB(s)cd 12h09m59s +46°27'26" 31,96 +12,05 265 ± 1 6' × 1,3'
Cam A Irr 04h25m16s +72°48'21" 12,33 +14,84 -46 ± 1 3,7' × 2,1'
IKN 10h08m06s +68°23'57" 12,09 +17 2,7' × 2,3'
NGC 4068 IC 757 IAm 12h04m01s +52°35'18" 17,29 +13 210 ± 3 3,3' × 1,7'
F8D1 dE 09h44m47s +67°26'19" 12,3 +13,85 2,2' × 2'
KK 77 dSph 09h50m11s +67°30'24" 11,35 +16,2 2,4' × 1,8'
PGC 28759 Arp's Loop, A0952 09h57m33s +69°17'00" 12,62 +16,08 99 ± 0 1,8' × 1,6'
NGC 2537 SB(s)m 08h13m15s +45°59'23" 22,51 +12,32 431 ± 1 1,7' × 1,5'
Cam B Irr 04h53m07s +67°05'57" 10,8 +16,1 77 ± 0 2,2' × 1,1'
UGC 4426 DDO 52 Im 08h28m28s +41°51'24" 18,59 +15 397 ± 4 2' × 1'
UGC 8508 IAm 13h30m44s +54°54'36" 8,35 +14,4 62 ± 5 1,7' × 1'
UGC 7242 Scd 12h14m08s +66°05'41" 14,03 +14,6 68 ± 2 1,9' × 0,8'
UGC 6541 Irr 11h33m29s +49°14'14" 12,92 +14,5 250 ± 1 1,2' × 0,7'
HS 117 Ir 10h21m25s +71°06'51" 12,07 +16,5 -37 ± 0 1,5' × 0,9'
PGC 28731 KDG 61 dE 09h57m03s +68°35'31" 11,74 +15,6 -135 ± 30 1,2' × 1'
VKN 08h40m09s +68°26'23" 11,09 +17,7 0,9' × 0,9'
PGC 31286 BK6N dSph 10h34m30s +66°01'00" 12,56 +16,7 1' × 0,8'
UGC 7298 Im 12h16m30s +52°13'39" 13,6 +15 173 ± 0 1,3' × 0,6'
FM1 dSph 09h45m10s +68°45'54" 11,15 +17,5 0,9' × 0,8'
PGC 29231 BK5N dE 10h04m41s +68°15'22" 12,33 +16,72 0,8' × 0,6'
UGCA 281 Sm 12h26m16s +48°29'37" 18,59 +15,15 281 ± 4 0,8' × 0,6'
KKH 34 Mailyan 13 Ir 05h59m40s +73°25'40" 16,9 +17,1 110 ± 0 0,6' × 0,5'
KKH 57 Sph 10h00m16s +63°11'06" 12,82 +18,5 0,6' × 0,5'
KK 109 dIrr 11h47m12s +43°40'18" 15,33 +17,5 212 ± 1 0,6' × 0,4'
KKH 87 Ir 14h15m09s +57°05'15" 22,18 +16,5 320 ± 1 0,8' × 0,3'
PGC 28529 BK3N Im 09h53m49s +68°58'08" 13,11 +17,1 -40 ± 0 0,5' × 0,4'
PGC 32667 KDG 73 Im 10h52m57s +69°32'58" 12,07 +14,9 116 ± 1 0,6' × 0,4'
KKH 79 Ir 12h19m52s +61°31'11" 20,87 +17,5 516 ± 1 0,44' × 0,2'
PGC 29167 Garland Im 10h03m42s +68°41'36" 50 ± 0
HIJASS J1021+6842 HI 10h21m00s +68°42'00" 12,07 +20 46 ± 0

D'Tabell ass zesummegestallt aus den Date vum Atlas of the Universe an dem The M81 group of Galaxies: New distances, kinematics and structure (2002). D'Date fir den Typ, d'Koordinaten, Hellegkeet an de visuellen Duerchmiesser sinn aus der NASA/IPAC Extragalactic Database erausgeholl. D'Date kënnen an der NED Datebank mat de Bezeechnungen an der Kolonn Numm ofgeruff ginn (Ausser: KK=KK98, HS=HS98, FM=FM2000). D'Distanze stame vun den Aarbechte vum Karachentsev 2005 an 2002.

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Portal Astronomie

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: M81-Gruppe – Biller, Videoen oder Audiodateien