MOST (Satellit)

Vu Wikipedia
Wiesselen op: Navigatioun, sichen
MOST (Microvariabilité & Oscillations Stellaires)
Typ Fuerschungssatellit
Weltraumteleskop
Land Flag of Canada.svg Kanada
Agentur CSA an DRDC
Apogeum 832 km
Perigeum 819 km
Bunnschréiegt 98,7°
Mass 60 kg
Bunn-Ëmlafzäit 101,4 min
Exzentrizitéit 0,0009
Start 30. Juni 2003, 14:15 UTC
Startplaz Plessezk, Russland
Drorakéit Rockot
Status aktiv

MOST (Microvariability & Oscillations of Stars oder Microvariabilité & Oscillations Stellaires) ass e kanadesche Satellit fir genee Miessunge vu Stärenhellegkeeten. Bei MOST handelt et sech ëm ee Mikrosatellit, dee vill méi kleng am Verglach zum Hubble ass1. Hie soll Oszillatioune vu Stäre bestëmmen an extrasolar Planéiten duerch d'Verännerung vun der Systemhellegkeet während engem Planéitenëmlaf entdecken. De Satellit ka mat Hëllef vun engem CCD-Sensor visuell Hellegkeetsënnerscheeder vun nëmmen engem Milliounstel mag feststellen.

MOST gouf vun der kanadescher Firma Microsat Systems Canada entwéckelt, an Zesummenaarbecht mat der University of British Columbia, der University of Toronto, Spectral Applied Research, Ceravolo Optical Systems an der AMSAT. D'Mass vum Satellit ass nëmme 60 kg, et schwätzt een dofir och vun engem Mikrosatellit.

En ergänzende Satellitteprojet zu MOST ass BRITE, mat Kanada sinn dorun Éisträich a Polen bedeelegt.

Missiounsufank[änneren | Quelltext änneren]

MOST gouf den 30. Juni 2003 vun enger russescher Rockot-Rakéit vu Plessezk aus an eng sonnesynchron Ëmlafbunn an zirka 820 km Héicht bruecht. Sou kënnen d'Solarzellen de Satellit stänneg mat Energie versuergen. MOST kann ee bestëmmte Stär ronn zwéi Méint ouni Ënnerbriechung observéieren. De Satellit liwwert no iwwer zéng Joer ëmmer nach Fuerschungsdonnéeën a Biller.

Observatiounen[änneren | Quelltext änneren]

Resultater[änneren | Quelltext änneren]

Am Joer 2004 hunn d'Wëssenschaftler publizéiert, datt de Stär Procyon (α Canis Minoris) net sou staark oszilléiert wéi ufanks ugeholl. Dat huet zu fläissegen Diskussiounen ënner de Fuerscher gefouert. 2006 goufe mat dem Teleskop eng bis dohin onbekannt Klass vu Risestären, d'"slowly pulsating B supergiants" entdeckt.

Nofolger[änneren | Quelltext änneren]

De 25. Februar 2013 gouf den zweete kanadesche Weltraumteleskop NEOSSat op eng Ëmlafbunn bruecht [1]

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Saturn 01.svg Portal Astronomie


Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Referenzen[änneren | Quelltext änneren]