MS Brombachsee
Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
D' MS Brombachsee ass e Schëff mat dräi Schwammdeeler (Trimaran) um Grousse Brombaachséi, dat vun der Architektur an der Konstruktioun hier eemoleg an Europa ass.
Op dräi verschiddenen Decker kënne 750 Persoune matfueren. Een Tour um Brombaachséi dauert ongeféier annerhallef Stonn. Zënter 2009 ass den Trimaran mat engem gliesene Panorama-Lift equipéiert. Esou sinn déi 3 Decker och fir géibehënnert Leit z'erreechen. [1]
Den Trimaran hält op dëse Plazen: Ramsberg, Absberg, Enderndorf, Allmannsdorf a Pleinfeld.
[änneren] Technesch Detailer
- Längt: 46 m
- Breet: 19 m
- Héicht: 13,2 m
- Déifgank: 1,40 m
- Gedriwwe vun: 2 Sechszylinder-Dieselmotore vun MAN, jidderee mat enger Leeschtung vun 250 kW an zwee Schottel-Pompelstralgedriwwer.