MS Queen Victoria

Vu Wikipedia
Dësen Artikel ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Theema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran.
MS Queen Victoria


D'Queen Victoria

Karriär British Red Ensign
Bestallt: 3. Dezember 2004
Ufank vum Bau: 12. Mee, 2006
Stapellaf: 10. Dezember, 2007
Gedeeft: 10. Dezember, 2007
 vun der Camilla, Duchess of Cornwall
Éischt Rees: 11. Dezember, 2007
Elo: am Déngscht
Allgemeng Karakteristiken
Tonnage: 90.000 BRT
Längt: 294 m (954,5 ft)
Breet: 32.3 m (106 ft)
Déifgang: 8 m (26,2 ft)
Héicht: 62,5 m (205 ft)
Motorleeschtung: 2 x 16,7 MW Azipods
Propulsioun: 63.4 MW Sulzer ZA40 Diesel Motor
Vitess: 23,7 Kniet (43,9 km/h),
Capacitéit: 2.014 Passagéier
900 Offizéier an Equipage
Deckzuel: 16 total, 12 fir Passagéier
Et huet kascht: UK£ 270 Milliounen (apprx.)

MS Queen Victoria ass dat drëtt Schëff fir Croisièrë vun der Cunard-Linn, dat den Numm vun enger brittescher Kinnigin dréit. D'Konstruktioun ass am Joer 2007 bei der Fincantieri Werft zu Monfalcone (Italien) fäerdeg ginn, an d'Schëff ass zanter dem 11. Dezember 2007 am Déngscht. Domat si fir d'éischt an der traditiounsräicher Geschicht vun dëser weltbekannter Reederei dräi Schëffer gläichzäiteg am Déngscht, déi den Numm vun enger brittescher Kinnigin droen.

D'Herzogin vu Cornwall, d'Fra vum Krounprënz Charel, huet d'Schëff den 10. Dezember 2007 zu Southampton gedeeft. D'Dafzeremonie gëtt a Groussbritannien, der Traditioun no, vun enger Persoun vollzunn, déi an den Adelsstand erhuewe ginn ass.

D'„Queen Victoria“ huet 1007 Kabinne fir 2014 Passagéier. 86 % vun de Kabinne si Baussekabinnen, 71 % hunn en eegene Balcon.

Éischt Rees[änneren | Quelltext änneren]

Den 11. Dezember 2007 huet d'„Queen Victoria“ fir d'éischt Southampton mat Passagéier u Bord, fir eng Croisière verlooss. Déi Croisière huet no Nordeuropa op verschidden Adventsmäert gefouert, an huet duerno, op Chrëschtdag, Lissabon ugesteiert. Vum 13. Januar un ass se vun New York aus op enger Croisière rondrëm d'Welt ënnerwee, déi 106 Deeg dauere soll. Den 13. Januar 2008, wéi d'Queen Victoria zu New York ukoum, waren déi aner zwee Cunard-Schëffer, Queen Elizabeth 2 a Queen Mary 2 och zu New York ukomm.

Literatur[änneren | Quelltext änneren]

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: MS Queen Victoria – Biller, Videoen oder Audiodateien