Maîtrise Sainte-Cécile (Lëtzebuerg)

Vu Wikipedia
D'Maîtrise beim Concert Au Seuil de l'Avent 2017 an der Kathedral

D'Maîtrise Sainte-Cécile de la Cathédrale de Luxembourg oder d'Maîtrise de la Cathédrale Notre-Dame ass de Chouer vun der Lëtzebuerger Kathedral a gëtt och dacks einfach d'Maîtrise genannt.

Wéi am Joer 1844 déi haiteg Kathedral den Numm Église Notre-Dame krut, huet de Mgr Jean-Théodore Laurent och d'Chorale Sainte Cécile gegrënnt. De Chouer huet deemools aus enge 50 Männer bestanen. Mat de Jore koumen och eng Rei Bouwen derbäi.

Am Joer 1870, wéi Lëtzebuerg en eegestännege Bistum gouf, krut de Chouer den Numm Maîtrise de la Cathédrale. Well et awer ëmmer méi schwéier gouf, e Bouwechouer ze hale gouf d'Maîtrise an den Zwanzeger Jore vum 20. Joerhonnert erëm en ausschliissleche Männerchouer, deen ënner sengen Dirigenten eng grouss Unerkennung wäit iwwer d'Grenze vum Lëtzebuerger Land fonnt huet.

Ënner der Direktioun vum Abbé René Ponchelet gouf 1965 e Fraechouer gegrënnt an d'Maîtrise huet sech zu engem gemëschte Chouer entwéckelt, dee fir säi groussen a räiche Repertoire vu sakraler Musek international bekannt gouf.

D'Maîtrise iwwerhëlt, nieft hirem reng liturgeschen Optrag, de Gesang bei de groussen nationalen a reliéisen Evenementer an der Kathedral a gëtt reegelméisseg och Concerten.

Chouerdirigenten[änneren | Quelltext änneren]

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Referenzen[Quelltext änneren]

  1. L'historique des chef de choeurs Gearchiveerd op 2017-12-01. Gekuckt de(n) 2016-12-26.
  2. Chef de choeur: Marc Dostert Gearchiveerd op 2016-12-31. Gekuckt de(n) 2016-12-26.