Maart op der Batte

Vu Wikipedia
Vue vum Pont des Arches op de Quai de la Ribuée mam Maart

De Maart op der Batte zu Léck ass e Maart deen all sonndemoies op de Quaien um lénksen Uwänner vun der Meuse ofgehale gëtt. Dozou gehéieren ë. a. de Quai de la Ribuée, de Quai de la Goffe an d'Batte (dohier och den Numm). Et ass mat enger Längt vu ronn 3 km Stänn ee vun de gréisste Mäert an Europa, an en zitt Leit aus der grousser Ëmgéigend vu Léck un, besonnesch vu Maastricht, Bréissel an Oochen. Deemno wéi d'Wieder ass huet de Maart all Sonnden tëscht 50.000 an 100.000 Visiteuren.