Martelange
|
|||||
|---|---|---|---|---|---|
| Land | |||||
| Regioun | |||||
| Communautéit | Franséisch Communautéit | ||||
| Provënz | |||||
| Arrondissement | Arel | ||||
| Telefonszon | 063 | ||||
| Postcode | 6630 | ||||
| Koordinaten | 49° 49' 51.35" N 05° 44' 16.24" O |
||||
| Fläch | 2.967 ha | ||||
| Bevëlkerung | 1.566 (2008) | ||||
| Lag vun der Gemeng an der Provënz Lëtzebuerg | |||||
Martelange (Däitsch: Martelingen; Wallounesch: Måtlindje; Lëtzebuergesch: Maartel) ass eng Gemeng an Uertschaft an der belscher Provënz Lëtzebuerg.
Maartel läit un der Sauer, direkt op der Grenz mat Lëtzebuerg.
Op annerhallwem Kilometer mécht d'N4, déi vu Bréissel op Arel geet, d'Grenz mat Lëtzebuerg. Dat huet mat sech bruecht, datt op der ganzer Längt, op der Lëtzebuerger Säit, eng Bensinsstatioun un där aner ass.
D'Nationale 4 gehéiert tëscht der Grenz um Rosenberg a Baaschtnech zu der Voie de la Liberté.
Inhaltsverzeechnes |
D'Camionsexplosioun 1967 [änneren]
Den 21. August 1967, op Kiermesméinden, hat e franséische Camion, deen aus Richtung Baaschtnech koum an dee 40.000 Liter Flësseggas (Propylen) gelueden hat, Mëttes um zéng op zwielef, wéi d'Leit aus der Kierch komm sinn, d'Kéier matten an der Uertschaft verpasst, ass an d'Mauer vun der Sauerbréck gerannt an doropshin explodéiert. 22 Doudesaffer waren ze bekloen an eng Rëtsch Haiser si komplett verbrannt.
Monumenter an Natur [änneren]
Zu Maartel stinn ënner Naturschutz bzw. ënner Monumentschutz (an der Belsch Biens classés):
- Zu Maartel selwer:
- de Wäschbur an der Groussstrooss (klasséiert den 20/10/1980)
- d'Louheck op der Gewan in der Wolsch (klasséiert den 21/06/1977)
- Zu Gréimel
- D'Kapell vum Hl. Jousef (klasséiert den 09/12/1991).
Krichsmonumenter [änneren]
- Riets laanscht d'Nationale 4 am Stouss a Richtung Baaschtnech d'Monument vun de Chasseurs Ardennais
- Lénks laanscht d'Strooss e bësselche mé héi d'Fansousemonument
- Um Lieu-dit Haardt d'Monument fir 4 Chasseurs Ardennais
Um Spaweck [änneren]
| Commons: Martelange – Biller, Videoen oder Audiodateien |
Arel - Atert - Baaschtnech - Bertogne - Bertrix - Bouillon - Chiny - Daverdisse - Durbuy - Éibeng - Erezée - Étalle - Fauvillers - Florenville - Gouvy - Habay - Herbeumont - Hotton - Houffalize - La Roche-en-Ardenne - Léglise - Libin - Libramont-Chevigny - Manhay - Marche-en-Famenne - Maartel - Meix-devant-Virton - Miezeg - Musson - Nassogne - Neufchâteau - Paliseul - Rendeux - Rouvroy - Saint-Hubert - Saint-Léger - Sainte-Ode - Tellin - Tenneville - Tintigny - Vaux-sur-Sûre - Vielsalm - Virton - Wellin