Maartkräiz (Tréier)

Vu Wikipedia
Maartkräiz op der Maartplaz zu Tréier

An der Mëtt vun der Tréierer Maartplaz steet eng Kopie vum mëttelalterlechem Maartkräiz, dat den deemolegen Äerzbëschhof 958 op där nei ugeluechter Plaz virun der Doumstad opriichte gelooss huet. Den Original steet zanter 1964 am Musée Simeonstëft ausgestallt. Déi ursprénglech réimesch Granitsail dréit iwwer dem Blatkapitell an 3 m Héicht déi laténgesch Aschrëft Henricus archiepiscopus Treverensis me erexit ("Den Heng, den Äerzbëschof vun Tréier, huet mech opgeriicht"). De Palmetten-Lotus-Kapitell, deen d'Kräiz dréit, staamt aus der karolengescher Zäit. Op der viischter Säit vum Kräiz ass ee Bild vum Lamm Gottes mat engem Kräizstaf an engem Siegesbanner ofgezeechent. Op de Säiten ass ee Bild vum Hl. Péitrus an enger Sonnenauer placéiert a schliisslech op der Récksäit ass Renovatum 1724 agemeesselt.

Zanter dem 1. Dezember 1979 steet d'Maartkräiz op der haiteger Plaz. Am Joer 2004 huet et säi faarwegen Ustrach no engem Faarfkonzept vum Rainer Thelen zeréckkritt.