Madame de Pompadour

Vu Wikipedia
Wiesselen op: Navigatioun, sichen
Madame de Pompadour

D'Jeanne-Antoinette Poisson, duerch hir Hochzäit Madame Le Normant d'Étiolles, Marquise de Pompadour, war eng berühmte Maîtresse vum Kinnek Louis XV., gebuer den 29. Dezember 1721 zu Paräis a gestuerwen de 15. Abrëll 1764 zu Versailles.

Hire biologesche Papp war héchstwahrscheinlech de räiche Financier Charles François Paul Le Normant de Tournehem, deen och hiren Tuteur virum Gesetz gëtt, nodeem hire Papp (dee Mann mat dem hir Mamm bestuet war) 1725 no engem Skandal huet missen d'Land verloossen. D'Jeanne-Antoinette Poisson bestit sech am Joer 1741 mam Charles-Guillaume Le Normant d'Étiolles, Neveu vun hirem Tuteur. D'Zäitgenossen erzielen datt si ganz schéi war, mat engem klenge Mond an engem liewegen ovale Gesiicht. Hire jonke Mann ass ganz verréckt no hir a si verkéiert an de mondäne Kreesser vu Paräis. D'Koppel installéiert sech an engem Schlass dat hinne vum Tournehem zu Étiolles zur Verfügung gestallt ginn ass. Si kritt e Bouf am Joer 1741, deen awer net al gëtt, an e Meedchen am Joer 1744, dat op den Numm Alexandrine gedeeft gëtt.

De Kardinol Fleury deen d'ganzt Vertraue vum Kinnek hat, an dee selwer d'Affäre vum Kinnekräich an d'Hand geholl hat, stierft am Joer 1743. De Krees ronderëm d'Frères Pâris, de Kardinol vun Tencin, seng Schwëster d'Marquise de Tencin an de Maréchal de Richelieu huet elo d'Chance fir sech virum Kinnek bemierkbar ze maachen. Déi jonk Jeanne-Antoinette, déi de Bridder Pâris ganz no stoung, ass susceptibel fir dem Kinnek ze gefalen, an dee Moment och fir hir Positioun um Haff ze stäerken. D'Strategie geet op, an d'Resultater déi erwaart goufen, trieden am Joer 1745 an.

D'Jeanne-Antoinette gëtt am Februar 1745 op de Maskebal vum Kinnek invitéiert, wou d'Bestietnes vum Kinnek sengem Jong gefeiert gëtt. Vun do u besicht si de Kinnek regelméisseg, an de Louis XV. installéiert si zu Versailles. Am Juli vum selwechte Joer mécht hien aus hir eng Marquise an trennt si legal vun hirem Mann. De 14. September gëtt si offiziell dem Haff virgestallt.

Déi reng kierperlech Relatioun vun deenen zwee dauert net laang, schonn am Wanter 1751 deele si sech kee Bett méi. Mä am Géigesaz zu anere Maîtressen evoluéiert hir Bezéiung zu enger Frëndschaft, an d'Madame de Pompadour ass d'«Amie nécessaire » bis zu hirem Doud. Fir hire Statut als maîtresse en titre ze behalen, sicht si dem Kinnek jonk Fraleit eraus, déi haaptsächlech schéi solle sinn. Während hirem Règne vu bal 20 Joer hat si ëmmer e frëndschaftlecht Verhältnes zu der Kinnigin Maria Leszczyńska. D'Mme de Pompadour preparéiert och zesumme mam Kinnek Dossiere fir d'Ministeren an empfängt déi an hiren Appartementer.

Si ënnerstëtzt d'Carrière vum Kardinol vu Bernis a vum Choiseul a wënscht sech e Reversement vun den Allianzen tëscht Preisen an Éisträich, deen de Siwejärege Krich favoriséiert, d'Defaite vu Rossbach an d'Verléiere vum Kanada.

D'Madame de Pompadour huet sech gewënscht, datt hiert Meedchen ee vun de Baaschterte vum Louis XV. géif bestueden, mä wéi deen net dovun z'iwwerzeegen ass, gëtt d'Alexandrine mam Duc de Picquigny, Jong vum Duc de Chaulnes, Pair de France an aus dem Haus vu Luynes, verlobt. Mä d'Alexandrine stierft am Alter vu 6 Joer an d'Marquise hat ni aner Kanner. Vum Louis XV. war si zwar zweemol schwanger, mä et koum zweemol zu enger Feelgebuert tëscht 1746 a 1749.

D'Marquise de Pompadour war immens fir de Projet vun enger Enzyklopedie vum Diderot. Si huet och vill Kënschtler an der Parzeläinmanufaktur vu Sèvres schaffe gelooss. Si huet ausserdeem de Bau vu Monumenter wéi der Place de la Concorde oder dem Petit Trianon iwwerwaacht.

Literatur zum Thema[änneren | Quelltext änneren]

  • Danielle Gallet, Madame de Pompadour ou le pouvoir féminin, Fayard, 1985.
  • Évelyne Lever, Madame de Pompadour, Perrin, Koll. « Tempus », 2003.

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Madame de Pompadour – Biller, Videoen oder Audiodateien