Made in Luxembourg

Vu Wikipedia
Dësen Ekonomiesartikel ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Theema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran.

Made in Luxembourg ass eng Kollektivmark, déi 1984 zu Lëtzebuerg vun der Chambre des métiers an der Handelskummer geschaf gouf, fir Produkter déi zu Lëtzebuerg produzéiert ginn, kenntlech ze maachen.

Dofir gouf de Logo "Made in Luxembourg" kreéiert. "Made in Luxembourg" gouf den 20. Juli 1984 als Kollektivmark beim Office Benelux de la propriéte intellectuelle déposéiert a gehéiert deenen zwou Chamberen. Op Demande vum Produzent däerfe Produkter, wa se de Krittären entspriechen (kuckt dofir de Site vun der Chambre des métiers), mam "Made in Luxembourg"-Logo ausgezeechent ginn.

Am Ufank hu just eng hallef Dose Firmaen am Joer de Logo ugefrot; vun Ufank un derbäi waren ë. a. d'Arbed, Luxlait a Source Rosport. Enn 2021 war d'Zuel vun de Firmen, déi eng Autorisatioun hu fir de Logo ze benotzen, op iwwer 1.500 eropgaangen.[1]

Literatur[änneren | Quelltext änneren]

  • Made in Luxembourg, 2008, saint-paul luxembourg. D'Buch stellt 50 Entreprisen op Däitsch, Franséisch an op Englesch vir.

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Referenzen[Quelltext änneren]

  1. France Clarinval: "Un 'Stempel' valorisé." Dossier 'Made in Luxembourg', d'Lëtzebuerger Land 24.12.2021, S.15.