Madeleine Weis-Bauler
| Dësen Artikel ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Thema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir Hëllef braucht beim Schreiwen, da luusst bis an d'FAQ eran. |
D'Madeleine Weis-Bauler, gebuer den 13. Februar 1921 zu Esch-Uelzecht, ass eng lëtzebuergesch Autorin, Molerin a Resistenzlerin.
Inhaltsverzeechnes |
Hir Liewensgeschicht [änneren]
1940, am Zweete Weltkrich, huet si refuséiert, esou wéi hir Elteren a hire Brudder Ernest, fir Member an der Vereenegung Volksdeutsche Bewegung ze ginn. Si huet sech der Resistenzbeweegung Lëtzeburger Freihétskämpfer ugeschloss.
Am Abrëll 1944 gouf si verhaft a koum an der Stad Lëtzebuerg an d'Villa Pauly. Nodeems si verhéiert gi war, koum si an de Prisong an de Gronn wou si ronn e Mount an Eenzelhaft verbruecht huet.
Si gouf an den Arbeitsdienst agezunn a huet missen zu Zeltingen bei engem Bauer, zu Wittlich bei der Sperholzfabrik Kümmel & Co an zu Allendorf an enger ënnerierdescher Munitiounsfabrik schaffen. Duerno koum si an d'Konzentratiounslagere vu Ravensbrück a Bergen-Belsen.
Den 23. Dezember 1947 gouf si mam Robert Weis, engem Mathematik-Professer, bestuet a geet mat him op Esch-Uelzecht wunnen.
Am Summer 1977 plënnert si mat hirem Mann op Iechternach, wou si am Alter vu ronn 60 Joer d'Molerei entdeckt.
Ausstellungen [änneren]
- 2009: Lebensbilder an der Kapell vum Centre culturel de rencontre Abbaye de Neumünster, Lëtzebuerg-Gronn
Wierk [änneren]
- Weis-Bauler, Madeleine. - Aus einem anderen Leben / Madeleine Weis-Bauler. - [Bereldange] : Les Cahiers luxembourgeois, 2002 (Luxembourg : Impr. Centrale). - 141 p.: ill.;
Literatur [änneren]
- Mess, Kathrin (Hrsg.): Und wir Luxemburgerinnen haben immer gesagt: “Wir kommen noch heim!”: Lebensbilder von Madeleine Weis-Bauler, Editions Le Phare, Esch-sur-Alzette 2009, 109 S. ISBN 978-2-87964-144-7
- Hoffmann, Serge: Le mouvement de résistance LVL au Luxembourg, Archives nationales, Luxembourg 2004, 158 S.
