Madon

Vu Wikipedia
De Madon bei Mirecourt

De Madon ass e Floss a Frankräich deen an de Koppe vun der Vôge entspréngt. E leeft vun do aus no Norden duerch d'Departement vun de Vogesen, an duerno duerch d'Meurthe-et-Moselle

Dem Madon seng Quell ass um Fouss vum Ménamont, der héchster Kopp vun de Monts Faucilles. Déi éischt Furt um Kiem vu Langres op Donon huet engem Lieu-dit an der Gemeng Escles, dem Void d'Escles den Numm ginn.

De Madon leeft duerch Bainville-aux-Saules, Mirecourt, Haroué a Pulligny. Nodeem e sech duerch d'Plateaue vum Xantois an dem Vermois gekréngelt huet, leeft en am Südweste vu Nanzeg, bei Pont-Saint-Vincent an d'Musel.

Tëscht de Gemenge Bralleville a Marainville-sur-Madon mécht en d'Gemengegrenz, souwéi tëscht den Departementer Meurthe-et-Moselle a Vosges.

Seng Haaptnieweflëss sinn den Illon, d'Gitte, d'Saule, de Val d'Arol, de Colon an de Brénon.

Bei Ambacourt, zwéi Kilometer no Mirecourt huet sech eng kleng Biberkolonie installéiert.

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Madon – Biller, Videoen oder Audiodateien