Mady Nurenberg-Reuter

Vu Wikipedia
Mady Nurenberg-Reuter
Gebuer 30. Abrëll 1925
Gestuerwen 10. Januar 2012
Nationalitéit Lëtzebuerg
Aktivitéit Politiker

D'Mady Nurenberg-Reuter, gebuer den 30. Abrëll 1925 zu Déifferdeng a gestuerwen den 10. Januar 2012 zu Péiteng, war eng lëtzebuergesch Lokalpolitikerin.

Am August 1977 ass d'Mady Nurenberg-Reuter nom Doud vum Schäffe Léon Eichhorn an de Gemengerot vun Déifferdeng nogerutscht, wou si bis 1990 bliwwen ass, als Conseiller a vun 1988 bis 1990 als Schäffen. Si war déi éischt Fra, déi an der Stad Déifferdeng Member vum Gemenge- respektiv vum Schäfferot gouf.

Am Zweete Weltkrich hat si sech aktiv an der Resistenz engagéiert.

Literatur[änneren | Quelltext änneren]

  • Zenner, R., 2012. À la mémoire de Mady Nurenberg-Reuter de Niederkorn. In: Elan, d'Stëmm vun de Senioren, Nr. 30, März 2012, S. 4 PDF.
  • Zenner, R., 2012. À la mémoire de Mady Nurenberg-Reuter de Niederkorn. Luxemburger Wort 2012, Nr. 52 (1. März), S. 47.
  • Zenner, R., 2012. À la mémoire de Mady Nurenberg-Reuter de Niederkorn. Tageblatt 2012, Nr. 76 (29. März), S. 21.