Mady Delvaux-Stehres

Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
Wiesselen op: Navigatioun, sichen

D'Madeleine Anne (Mady) Delvaux-Stehres, gebuer den 11. Oktober 1950, ass eng lëtzebuergesch LSAP-Politikerin.

D'Mady Delvaux-Stehres huet no hirem Lycée op der Sorbonne zu Paräis klassesch Literatur studéiert a war dono bis 1989 Professesch am Lycée Michel Rodange an der Stad Lëtzebuerg.

1974 ass si an d'LSAP agetrueden a war do fir d'éischt aktiv bei de Sozialistesche Fraen. 1985 gouf si Member vum Comité directeur vun där Partei a blouf dat bis 1989, wéi se Regierungsmember gouf. 1987 gouf s'an de Gemengerot vun der Stad Lëtzebuerg gewielt.

An der Regierung Santer-Poos II vun 1989 gouf si Staatssekretärin fir Gesondheet, Sozialversécherung, Jugend a Sport. No de Chamberwale vum 12. Juni 1994 gouf se Ministesch fir Communicatioun, Transport a Sozialversécherung.

1999 goung d'LSAP an d'Oppositioun; d'Mady Delvaux-Stehres ass an d'Chamber an an de Gemengerot vun der Stad Lëtzebuerg erëmgewielt ginn. Si huet an där Zäit eng Maîtrise op der Univeritéit zu Metz an den Technologies de l'Information gemaach.

Zënter 2004 un ass d'Mady Delvaux-Stehres Ministesch fir Erzéiung a Beruffsausbildung an der Regierung Juncker-Asselborn I, respektiv, zënter 2009, an der Regierung Juncker-Asselborn II.

D'Mady Delvaux-Stehres ass Mamm vun 3 Kanner; si ass d'Wittfra vum Michel Delvaux.

Gielercher [änneren]

Um Spaweck [änneren]

Referenzen [änneren]

  1. Memorial B n° 6 vun 1996 mat der Lëscht vun de Leit déi 1995 eng national Auszeechnung kritt hunn Op der Säit 93 vun deem Memorial steet 'Promotion 1995' während op der säit 94 'Promotion 1994' steet.
  2. Memorial B n° 58 vun 1999 mat der Lëscht vun de Leit déi 1999 eng national Auszeechnung kritt hunn Op der Säit 1149 vun deem Memorial steet 'Promotion 1999' während op der Säit 1150 'Promotion 1998' steet. 1999 ass wuel richteg wëll de Memorial op den 1. Dezember 1999 datéiert ass.