Magdalena Ridge Observatoire

Vu Wikipedia
D'Gebai vum 2,4m Teleskop

De Magdalena Ridge Observatoire, engl. Magdalena Ridge Observatory (MRO), ass en Observatoire am Socorro County, New Mexico ongeféier 32 Kilometer westlech vun der Stad Socorro an de Magdalena-Bierger no bei der Biergspëtzt South Baldy op enger Héicht vun 3.180 m.

Den Observatoire huet en 2,4 Meter Spigelteleskop, mat engem Haaptspigel dee baugläich ass mat dem Hubble-Weltraumteleskop. Säin Éischt Liicht war 2006 an zanter 2008 ass en am reguläre Betrib. Ee zeechent sech duerch eng héich Beweeglechkeet vun 10° pro Sekonn aus, a gëtt haaptsächlech vun der NASA fir d'Observatioun vun äerdnoen Objete benotzt. E war um 2007 WD5 Tracking bedeelegt.

Magdalena Ridge Observatory Interferometer. Computer generéiert Overlay

Weider logéiert den Observatoire de Magdalena Ridge Observatory Interferometer deen am Bau ass. Et ass en opteschen Interferometer, vun zéng Spigelteleskope mat engem Duerchmiesser vun 1,4 Meter an enger maximaler Basislängt vun 340 Meter. Éischt Diffractiounsmustere ginn 2015 erwaart.[1]

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Portal Astronomie

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Referenzen[Quelltext änneren]

  1. Status