Magellan-Teleskopen
D'Magellan-Teleskope sinn zwéin optesch Teleskopen am Las Campanas-Observatoire a Chile.
Inhaltsverzeechnes |
Beschreiwung [änneren]
Si hunn en Duerchmiesser vu jee 6,5 Meter a sinn nom Astronom Walter Baade an dem Philanthrop Landon Clay genannt. Am Géigesaz zu anere Spigelteleskopen vun ähnlecher Gréisst gläicht hir optesch Konstruktioun net dem Cassegrain-Teleskop mä et handelt sech ëm e Gregory-Teleskop. De Primärspigel ass aus Borosilicatglas an huet eng Parabolform mat engem Ëffnungsverhältnes vun 1:1,25. De Sekundärspigel huet en Duerchmiesser vu knapps 1,8 m; zesummen hu s'en Ëffnungsverhältnes vun 1:11. Ee flaachen Tertiärspigel kann de Stralengank op verschidden Instrumenter ëmdirigéieren. D'Teleskop huet eng aktiv Optik, souwéi e System fir d'Kompensatioun vun atmosphäresche Stéierungen, wat och fir eng Vergréisserung vum Bléckwénkel vu 6' op 24' gebraucht ka ginn. D'Teleskopen hunn eng al-azimutal-Montéierung.
D'Baade Teleskop hat seng éischt Biller de 15. September 2000 an d'Clay Teleskop de 7. September 2002 gemaach.[1] .
D'Teleskope goufen vum Carnegie Institution of Washington (haut Carnegie Institution for Science) gebaut a ginn, wéi och aner kleng Instrumenter, vun de Carnegie-Observatoiren zu Pasadena (Kalifornien) betreit.
Instrumenter [änneren]
De „Clay“-Teleskop huet eng Rei spektrograhesch Instrumenter:
- MagIC, Magellan Instant Camera, en direkten CCD-Bildsensor
- LDSS3, Low Dispersion Survey Spectrograph, effiziente Wäitfeld Méispalt-Spektrograph
- MIKE, Magellan Inamori Kyocera Echelle, verloschtaarmen Duebelen Echelle-Spektrograph
- MIKE Fibers, Glasfaserakopplung fir MIKE fir d'Observatioun vun e puer Objeten
Fir de „Baade“-Teleskop sti folgend Instrumenter zur Dispositioun:
- PANIC, Persson's Auxiliary Nasmyth Infrared Camera, eng Infraroutkamera
- IMACS, Inamori Magellan Areal Camera and Spectrograph, eng Wäitfeldkamera a Spektrometer fir e puer Objeten
Um Spaweck [änneren]
| Commons: Magellan-Teleskopen – Biller, Videoen oder Audiodateien |
- (en) Websäit vum Magellan, Observatoire vum Carnegie-Institut Washington
- (en) Websäit vum Magellan, Las Campanas Observatoire