Magellan (Sond)
Magellan war eng US-amerikanesch Raumsond déi tëschent 1989 an 1994 aktiv war an als Orbiter d'Venus erfuerscht hat.
Inhaltsverzeechnes |
Missioun [änneren]
Ënnert dem Numm Venus Orbiting Imaging Radar (VOIR) a Venus Radar Mapper (VRM) haten an de 70er an 80er Jore schonns Iwwerleeungen zu enger detailléierter Kartéierung vun der Venus mat Hëllef vu Radar ugefaangen, déi awer vun der US-Regierung als ze deier ofgeleent gouf. Ënnert dem Numm Magellan, genannt nom portugiseschen Entdecker vum 16. Joerhonnert (éischt Weltëmseegelung) gouf schliisslech eng méi bëlleg Missioun geplangt, bei där d'Sond nëmmen d'Radarinstrument Synthetic Aperture Radar (SAR) gedroen huet. Technesch gesi war d'Sond e Sammelsurium vu Reserve- an Ersatzdeeler vu Missioune virdrun.
Radarkartéierunge vun der Venus waren bis elo:
- Venera 9 an 10 (UdSSR) 1975 nëmmen en Test.
- Pioneer-Venus 1 (USA) 1978 mat enger Opléisung vun duerchschnëttlech 20.000 Meter pro Pixel (Bildpunkt).
- Venera 15 an 16 (UdSSR) 1983 mat enger Opléisung vun duerchschnëttlech 1.500 Meter pro Pixel.
Deemgéigeniwwer hat de Magellan eng Opléisung vun duerchschnëttlech 100 Meter pro Pixel, dat ass eng Erhéijung ëm de Faktor 200 géigeniwwer Pioneer-Venus 1 an ëmmerhin ëm de Faktor 15 géigeniwwer Venera 15 an Venera 16.
Opbau [änneren]
DMagellan-Sond war en dräiachsestabiliséierte Raumfluchkierper. Souwuel d'Haaptstruktur (Bus) wéi och d'Haaptantenn waren aus Reschter vum Voyager-Programm zesummegebaut. D'Parabolantenn hat als Antenn fir d'SAR wéi och als Kommunikatiounsantenn gedéngt. Niewent der Haaptantenn war och eng Hornantenn vum Altimeter. DMagellan-Sond hat aacht kleng Dreifwierker fir d'Korrektur vun der Ëmlafbunn. Den Aschoss an d'Venus-Ëmlafbunn war duerch en ofwerfbare Star-48-Rakéitemotor erfollegt. D'Energieversuergung vun der Sond war duerch zwee schwenkbar Solarzellenausleeër erfollegt. D'Solarzelle ware schonns nom Verloosse vun der Äerdëmlafbunn aauserneegefaalt ginn.
Verlaf [änneren]
- Magellan war de 4. Mee 1989 vu Bord vum Space Shuttle Atlantis mat Hëllef vun enger IUS-Rakéitestuf gestart.
- D'Sond war den 10. August 1990 an en Orbit ëm d'Venus ageschwenkt.
- D'Radarkartéierung hat vun 1990 bis 1992 gedauert.
- Am Joer 1993 gouf mat Magellan de sougenannten Aerobraking-Manöver getest.
- Magellan ass den 12. Oktober 1994 an der Venusatmosphär vergloust.
Resultat [änneren]
Der Magellan-Sond ass déi géigewäerteg Venuskaart ze verdanken. Am Total goufe ronn 98 % vun der Uewerfläch vun 89° Nord bis 89° Süd erfaasst. D'Bild vun der Venus op dëser Säit gouf aus de Radardaten vum Magellan opgestallt.
Kuckt och [änneren]
Um Spaweck [änneren]
| Commons: Magellan Raumsonde – Biller, Videoen oder Audiodateien |
- (de) Die Magellan Raumsonde
- (en) Historische Homepage von Magellan beim JPL
- (en) The Magellan Venus Explorer's Guide - Sehr ausführliche Missionsbeschreibung
- (en) Internet Archive: Frederick Suppe: Venus Alive! Entstehungsgeschichte der Magellansonde bzw. des VOIR-Projekts (PDF-Datei; 2,47 MB)
- (en) Internet Archive: Frederick Suppe: Venus Alive! Die Magellansonde erforscht die Venus (PDF-Datei; 3,1 MB)