Magellanesch Wolleken

Vu Wikipedia
Wiesselen op: Navigatioun, sichen
Déi grouss Magellanesch Wollek
Déi kleng Magellanesch Wollek

D'Magellanesch Wolleke sinn zwou irregulär Zwerggalaxien an der noer Noperschaft vun eiser Mëllechstrooss an domat en Deel vun der Lokaler Grupp. Si gi mat GMW a KMW (Grouss/Kleng Magellanesch Wollek) oder englesch mat LMC an SMC (Large/Small Magellanic Cloud) ofgekierzt.

Déi éischt schrëftlech Notizen iwwer d'Magellanesch Wolleke stame vum perseschen Astronom Al Sufi a sengem Buch vun de Fixstären aus dem Joer 964.

Den éischten Europäer, deen déi zwou Wolleke beschriwwen huet, war de Ferdinand Magellan bei senger Weltëmseegelung am Joer 1519. Am Teleskop weist sech hire Charakter als Galaxis, déi aus Stären, Niwwelen, Stärekéip an aner astronomeschen Himmelskierper zesummegesat ass. No der Mëllechstrooss (also eiser Heemechtsgalaxis), dem Andromedaniwwel an dem Dräiecksniwwel ass déi Grouss Magellanesch Wollek, déi véiertgréisst Galaxis vun der Lokaler Grupp.

Daten[änneren | Quelltext änneren]

Numm Katalognr. Typ Dist. [kLj] Dist. [kpc] Duerchm. [kpc] Mass [M] Rec. Dec. vis. Hellegkeet
GMW ESO 56-115 Irr (SBm?) ~163 ~50 7,7 1010 05h 24,0m -69° 48' 0,9 mag
KMW NGC 292 Irr ~209 ~64 3,1 2•109 00h 51,0m -73° 06' 2,7 mag

Erklärung: kLj bedeit Kiloliichtjoer, also dausend Liichtjoer; kpc bedeit Kiloparsec, also dausend Parsec; M bedeit Sonnemass.

Distanz[änneren | Quelltext änneren]

D'Distanz, besonnesch zu der GMW, huet an der extragalaktescher Astronomie am leschte Joerhonnert eng Schlësselroll gespillt, awer zugläich ëmmer ërem fir Duerchernee gesuergt. Dat grousst Interesse geet dobäi virun allem op d'Tatsach zréck, datt d'extragalaktesch Distanzmiessungen op der Perioden-Hellegkeets-Bezéiung vun de verännerlechen Cepheiden-Stäre berout. Dës Bezéiung gouf net nëmmen unhand vu Cepheiden an der KMW entdeckt, mä gëtt bis haut un de Cepheide vun der GMW geäicht an iwwerpréift. Allerdéngs dehne sech doduerch all Feeler bei der Distanzbestëmmung vun der Magellanesche Wolleken direkt op d'Distanzbestëmmung vun anere Galaxien aus. Besonnesch Feelinterpretatioune vun der Perioden-Hellegkeets-Bezéiung an der éischter Hallschent vum 20. Joerhonnert féierten dohier op enorm Schwankungen an den ermëttelte kosmesche Skalen.

Bis haut gi verschidde Quelle verschidden Date fir d'Distanz vun der Magellanescher Wollek un, se variéieren tëscht 40 an 80 kpc. D'Recherchen an aktuelle wëssenschaftleche Verëffentlechunge weisen, datt op dem Gebitt weiderhi gefuerscht gëtt, an d'Miessfeeler hu sech verklengert. Haut gëtt eng Distanz tëscht 44 an 51 kpc (143000 bis 166000 Liichtjoer) als sécher ugeholl.

D'Magellanesch Wolleke si soumat no der Canis-Major-Zwerggalaxis an der Sagittarius-Zwerggalaxis déi noost Nopere vun der Mëllechstrooss.

Beschreiwung[änneren | Quelltext änneren]

D'KMW bestet vläicht aus zwou verschmëlzende Galaxien, déi op derselwechter Siichtlinn leien an doduerch net ouni weideres optesch getrennt kënne ginn. D'GMW huet e Véirel vun der Liichtkraaft vun eiser Mëllechstrooss, d'KMW nëmmen 1/25 dovun.

An der Magellanesche Wolleke gëtt et vill interessant Objete fir Amateurastronomen, wéi z. B. den Tarantelniwwel (NGC 2070). Weider gëtt et vill Stärekéip, vun deenen e puer zu der Klass vun de bloe Kugelstärekéip gehéieren, eng Objetsklass, déi et an eiser Mëllechstrooss net gëtt.

1987 ass an der GMW d'Supernova 1987A explodéiert.

Déi zwou Magellanesch Wolleken sinn ënnereneen a mat der Mëllechstrooss duerch en dënnt Waasserstoffband verbonnen, de Magellanesche Stroum. Si beweege sech mat enger Vitesse vun zirka 55 km/s openeen zou.

D'Wolleke leien an de Stärebiller Dorado a Mensa (GMW) bzw. Tucana (KMW). Duerch hire klengen Ofstand zu der Äerd an déi grouss Ausdehnung hu se fir en ierdeschen Observateur e Wénkelduerchmiesser vu ronn 6º bzw. 3,5º Grad.

Am Bild riets ass d'Positioun vun de Magellanesche Wolleken relativ zu der Mëllechstrooss (aus Sterne und Weltraum 5/98) ze gesinn. D'Ofkierzungen am eenzelne bedeiten:

  • GMW: Grouss Magellanesch Wollek
  • KMW: Kleng Magellanesch Wollek
  • GSP: Galaktesche Südpol
  • MSI: Éischt Waasserstoffverdichtung am Magellanesche Stroum
  • 3: 30 Doradus
  • W: Flügel (Wing) de KMW

De Feil weist d'Ëmlafrichtung vun de Magellanesche Wolleken ëm de Mëllechstroossenzentrum un.

NGC-Objeten an der Grousser Magellanescher Wollek[änneren | Quelltext änneren]

An der Grousser Magellanescher Wollek gëtt et vill Stärekéip an Niwwelen, déi am NGC-Katalog verzeechent sinn.

NGC-Objeten an der Klenger Magellanescher Wollek[änneren | Quelltext änneren]

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Saturn 01.svg Portal Astronomie

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]