Magenta

Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
Wiesselen op: Navigatioun, sichen
Stub W.svg Dësen Artikel ass eréischt just eng Skizz. Wann der méi iwwer dëst Thema wësst, sidd der häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann der Hëllef braucht beim Schreiwen, da luusst bis an d'FAQ eran.



Magenta (CMYK)
 
Zesummesetzung
RGB (r, g, b) (219, 0, 115)
Webfaarwen hexa. DB0073
CMYK (c, m, g, s) (0, 100%, 0, 0)
HSL (f, s, l) (328°, 100%, 86%)

D'Faarf Magenta konnt 1859 fir d'éischte Kéier synthetesch produzéiert ginn. Et war dat kuerz no der Schluecht bei Magenta am Sardinesche Krich, an esou koum d'Faarf zu hirem Numm.

En Dëppe mat Magenta-Drockerfaarf

An der subtraktiver Faarfmëschung ass Magenta nieft Zyan, Giel a Schwaarz eng vun de Grondfaarwen fir Véierfaarwendrock an der Dréckerei.

An der additiver Faarfmëschung ass Magenta eng sekondär Faarf, se kann also nëmmen duerch eng Mëschung vu Blo a Rout entstoen. Et ass d' Komplementarfaarf zu Gréng. E Magenta-Filter léisst also nëmme Rout a Blo duerch; en ënnerdéckt Gréng.

Am RGB-Faarfsystem huet Magenta de Wäert 255, 0, 255. Bei den hexadezimalen Webfaarwen huet Magenta de Code FF00FF.

Am Véierfaarwendrock, dee sech op de CMYK-Faarfsystem stäipt ass de Magenta-Wäert 29%, 64%, 0, 0.

Beim HSL-Faarfraum gëtt Magenta 300°, 100%, 100% geschriwwen.

Um Spaweck [änneren]

Commons: Magenta – Biller, Videoen oder Audiodateien