Maggy Nagel

Vu Wikipedia
Maggy Nagel
Gebuer 25. August 1957
Lëtzebuerg
Nationalitéit Lëtzebuerg
Educatioun Universitéit Göttingen
Aktivitéit Politiker
Partei Demokratesch Partei

D'Maggy Nagel, gebuer de 25. August 1957[1] an der Stad Lëtzebuerg, ass eng lëtzebuergesch Politikerin (DP).

Si war vum 4. Dezember 2013 bis de 16. Dezember 2015[2] Ministesch fir Kultur a Logement an der Regierung Bettel-Schneider. Virdru war si vun 1996 bis 2013 Buergermeeschtesch vun der Gemeng Munneref.

Si war vun 1999 bis 2004 als Deputéiert an der Chamber[3] a gouf duer bei de Chamberwale vum 20. Oktober 2013 erëmgewielt. Gläich drop huet si op hiert Deputéiertemandat verzicht, fir Kultur- a Logementsministesch an der Regierung Bettel-Schneider ze ginn.

Vun 2013 bis 2015 war d'Maggy Nagel Vizepresidentin vun der DP.

Si schafft zanter dem 1. Abrëll 2016 als Premier conseiller de gouvernement am Wirtschaftsministère, wou si ë. a. d'Weltausstellung 2020 zu Dubai preparéieren hëllefe soll.[4]

Gielercher[änneren | Quelltext änneren]

Referenzen[Quelltext änneren]

  1. Luxemburger Lexikon, S. 313.
  2. "Maggy Nagel trëtt zréck, Delles refuséiert Posten." rtl.lu, 16.12.2015, 12:01:07.
  3. Portrait vun der Maggy Nagel op der Websäit vun der DP Gearchiveerd op 2015-03-30. Gekuckt de(n) 2013-01-15.
  4. "Maggy Nagel wird Beamtin." tageblatt.lu, 11. März 2016 15:21.
  5. Compte rendu des séances publiques n° 17 session 2003-2004
  6. L'essentiel -online: «Ordre d'Adolphe de Nassau» 18. Dezember 2015 16:32; "Großherzog verleiht Maggy Nagel hohen Orden"