Maggy Masselter

Vu Wikipedia
Dëse Konschtartikel ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Theema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran.
Maggy Masselter
Gebuer 1942
Nationalitéit Lëtzebuerg
Aktivitéit Moler

D'Maggy Masselter, 1942 zu Rëmeleng gebuer, ass eng lëtzebuergesch Nonn, Molerin a Sculptrice.[1]

No hirem Studium am Institut pédagogique zu Walfer ass d'Maggy Masselter vun 1967 bis 1972 zu Nanzeg op d'École des beaux-arts de Nancy (haut École nationale supérieure d'art de Nancy) gaangen an ass an d'Kongegratioun vun der Doctrine chrétienne agetrueden. Bis zu hirer Pensioun huet si als Formatrice am PRH Formation Développement a Frankräich geschafft.[2]

Hir Wierker, dacks mat engem déiwe reliéisen Hannergrond, ginn zanter 1972 a Frankräich an zu Lëtzebuerg ausgestallt.

D'Maggy Masselter lieft a schafft zu Marguerittes am Departement Gard.

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Referenzen[Quelltext änneren]

  1. Portrait Maggy Masselter um Site artothek.rpi-virtuell.net
  2. Maggy Masselter, peintre et formatrice PRH a pris sa retraite Archivéiert op 2013-01-12. Gekuckt de(n) 2014-01-05.