Magma

Vu Wikipedia

Magma (griichesch: gekniet Mass) ass geschmolt Gestengs aus der Äerd. Et ass gashalteg a glutflésseg an huet Temperature vun 1.000 - 1.300 Grad Celsius. Et besteet aus Oxide vu Silizium, Aluminium, Eisen, Mangan, Kalzium, Natrium a Kalium, wat aus den déiwe Schichte vun der Äerdkuuscht an dem Mantel hierkënnt.

Jee nom Mengenverhältnis vun de Komponente gëtt ënnerscheet tëscht dräi Aarten:

  • D'Pazifesch Aart weist en zimmlech grousse Siliziumgehalt op an ass ass dofir sauer. Wat dëse Gehalt méi grouss ass, wat d'Gestengs, dat entsteet, méi hell a méi sauer ass.
  • D'Atlantesch Aart, déi en héije Gehalt vun Alkalien, virun allem Natrium opweist an dofir basesch ass an
  • d'Mediterranesch Aart, wou de Gehalt vum Kalium méi grouss ass wéi dee vum Natrium. Dës Bezeechnunge ginn op d'Gebidder zeréck vu wou se meeschtens hierkommen.

Beim Ofkillen entsteet magmatesch Gestengs. Beim Austoussen aus Vulkaner bilt sech op der Äerduewerfläch vulkanesch Gestengs Vulkanit. An den ënnerierdesche Magmakummeren dogéint entsteet, no méi luesem Ofkillen, déck kristalliséiert Déifgestengs Plutonit. Dat meescht vulkanesch Gestengs ass Basalt, dat mescht Déifgestengs ass Granit.

Magma ass souzesoe Bestanddeel vun der Kuuscht vun der Äerd a geneesou bilt se d'Form déi op der Äerduewerfläch entsteet.

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Volcanoes – Biller, Videoen oder Audiodateien