Maison du Piqueur

Vu Wikipedia
D'Haus vum Piqueur zu Hamoir

D'Maison du Piqueur ass eent vun de bemierkenswäerten alen Haiser zu Hamoir an der Provënz Léck.

Et steet am Zentrum vun der Uertschaft op der Place Del Cour op N°1.

D'Haus, dat ganz mat Hasteng aus bloem Stee gebaut ass, staamt aus dem 19. Joerhonnert. Säin Numm verdankt et der Eisebunn déi, um Enn vum 19. Joerhonnert, d'Eisebunnsstreck Léck-Marloie-Jemelle, déi haiteg SCNB-Linn 43, gebaut huet.

D'Eisebunnsgesellschaft hat dat Haus kaaft fir ee vun hire Beamten, e Piqueur, ze logéieren. Haut ass an deem Haus den Office du Tourisme vun der Gemeng ënnerbruecht an et ginn och kulturell Manifestatioune wéi Ausstellunge vu régionale Kënschtler do ofgehalen.

Am klenge Musée si Reschter vun enger Merowengernekropol ze gesinn, déi tëscht 1967 an 1971 op engem Fielsvirspronk dem Tombeu tëscht Hamoir an Xhignesse fonnt goufen.[1]

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Referenzen[Quelltext änneren]

  1. Wallonie, patrimoine en milieu naturel 1996