Makedonien (Griicheland)

Vu Wikipedia
Dësen Artikel beschäftegt sech mat der griichescher Regioun Makedonien. Fir aner Bedeitungen, kuckt wgl. Makedonien.
Makedonien
Μακεδονία

(Detailer)

(Detailer)
Macedonia's location in south-eastern Europe Macedonia's location in Greece
 
Land: Griicheland
Haaptstad: Thessaloniki
Verwaltungsbezierker: Westmakedonien
Zentralmakedonien
Ostmakedonien
Bevëlkerung: 2,492,232 (2001 Zensus[1])
2,625,681(Schätzung)[2]
Fläch: 34,177 km²
Bevëlkerungsdicht: 77 Aw./km²
Um Spaweck: Ministère fir Makedonien an Thrakien
(Déi al an déi modern Regioun)
Makedonesch Verwaltungsbezierker a Prefecturen
Makedonesch Verwaltungsbezierker a Prefecturen

Makedonien (Μακεδονία / Makedonía) ass déi gréisst griichesch Regioun mat 34.177 km² an 2.625.681 Awunner (2006).

Haaptstad an och gréisst Stad vu Makedonien ass Thessaloniki.

Hautdesdaags läit déi griichesch Regioun Makedonien an dat aalt Kinnekräich Makedonien am Nordoste vu Griicheland.

Geschicht[änneren | Quelltext änneren]

 Méi Informatioun doriwwer am Artikel: Kinnekräich Makedonien.
D'Kinnekräich Makedonien war en antike griichesch Staat op der Balkanhallefinsel, deen tëscht der Mëtt vum 7. Joerhonnert an 168 v. Chr. existéiert huet.

Nom Alexander dem Grousse war Makedonien den Urspronk vun der Expansioun vum Hellenismus an Asien um Enn vum 4. Joerhonnert v. Chr.

Urspréng[änneren | Quelltext änneren]

 Méi Informatioun doriwwer am Artikel: Lëscht vun de Kinneke vu Makedonien.
Déi antik Makedonier hu scho virum Klasseschen Zäitalter am Süde vu Makedonien gewunnt. Den éischte makedonesche Staat ass am 8./7. Joerhonnert v. Chr. ënner den Argeaden entstanen. Als éischte Kinnek gouf de Perdikkas I. notéiert. An der Zäit vum Alexander I. vu Makedonien huet d'Land eng Expansioun an Eordaia, Bottiaia, Pieria, Mygdonia an Almopia materlieft. An der Géigend vun der moderner Stad Veria huet de Perdikkas I. (oder säi Jong Argaios I.) seng Haaptstad Aigai baue gelooss (dat haitegt Vergina).

Geographie[änneren | Quelltext änneren]

Makedonesch Verwaltungsbezierker a Prefecturen:

01. Kastoria, (Καστοριά)
02. Florina, (Φλώρινα)
03. Kozani, (Κοζάνη)
04. Grevena, (Γρεβενά)
05. Pella, (Πέλλα)
06. Imathia, (Ημαθία)
07. Pieria, (Πιερία)
08. Kilkis, (Κιλκίς)
09. Thessaloniki, (Θεσσαλονίκη)
10. Chalkidike, (Chalkidiki, Χαλκιδική)
11. Serres, (Σέρρες)
  • Ostmakedonien, (Anatoliki Makedonia, Ανατολική Μακεδονία)
12. Drama, (Δράμα)
13. Kavala, (Καβάλα)
  • an d' Regioun Bierg Athos, (Ajion Oros, Άγιον Όρος)

Referenzen an Notten[Quelltext änneren]

  1. Offiziellen Zensus vun 2001 Quell: National Statistical Service of Greece (ΕΣΥΕ), (PDF vu www.statistics.gr 875 KB)
  2. 2006

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Makedonien – Biller, Videoen oder Audiodateien
Hellenopedia – All d'Artikelen op der Wikipedia iwwer Griicheland an der Antiquitéit.