Makroobjektiv

Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
Wiesselen op: Navigatioun, sichen

E Makroobjektiv ass e Wiesselobjektiv fir Spigelreflex-Fotoapparaten, dat korrigéiert ass, fir optesch am Beräich vun der Makrofotografie optimal ofzeliichten.

Bei normale moderne Makroobjektiver ass et méiglech, ouni zousätzlech Fotosgeschir e Reproduktiounsmoosstaf vun 1:1 z'erreechen. Eeler Modeller si bis op 1:2 komm.

Bis op speziell Ausnamen hu Makroobjektiver eng fest Brennwäit, meeschtens ëm 60-70 mm, 100-105 mm an 180-200 mm.

[änneren] E Fall fir sech

MP-E 65mm 1:2.8 1-5x Macro Photo vu Canon

Fir Reproduktiounsmoossstief tëscht 1:1 a 5:1, also eng Vergréisserung vu fënnef Mol, huet Canon en Objektiv an hirem Katalog, dat allerdéngs net autofokusséiert.

Perséinlech Tools
Nummraim

Varianten
Aktiounen
Navigatioun
Geschirkëscht
An anere Sproochen