Malakoff-Tuerm
De Malakoff-Tuerm huet zu der Festung Lëtzebuerg gehéiert, gouf 1861 gebaut, a steet an der Rue Jules-Wilhelm, op hallwer Héicht tëscht Clausen an dem Fort Thüngen. En ass gutt erhalen an ass un eng Scoute-Grupp verlount.
De Malakoff-Tuerm war dat leschte Festungsgebai dat virum Schleefe vun der Festung Lëtzebuerg opgeriicht gouf.
Eng Strooss net wäit ewech dervun ass nom Tuerm "Rue Malakoff" benannt ginn.
Den Numm vum Tuerm selwer kënnt vum Fort Malakoff, engem Deel vun der Festung Sewastopol, déi am Krimkrich (1854-1856) eng wichteg Roll gespillt huet. Nodeems datt de franséische Kommandant Aimable Pélissier d'Fort den 8. September 1855 ageholl hat, gouf en an de Rank vun engem Marschal gehuewen an 1859 zum Herzog vu Malakoff ernannt, wat de Begrëff "Malakoff" als Synonym fir Stäerkt, Monumentalitéit, Massegkeet, Gréisst a Belaaschtbarkeet bekannt gemaach huet. Esou ginn dann och héich stenge Schachttierm am däitsche Kuelerevéier als Malakoff-Tierm bezeechent. Zu Éiere vum Aimable Pélissier gëtt an Éisterräich de Biscuitsdessert Charlotte "Malakoff-Kuch" genannt.