Malcolm Turnbull

Vu Wikipedia
Malcolm Turnbull
Gebuer 24. Oktober 1954
Sydney
Nationalitéit Australien
Educatioun Universitéit Sydney
Aktivitéit Journalist, Politiker, Entreprener, Investmentbanker

De Malcolm Bligh Turnbull, gebuer de 24. Oktober 1954 zu Sydney, ass en australesche Politiker vun der konservativer Liberal Party of Australia. Hie war vum 15. September 2015 bis de 24. August 2108 Premierminister vun Australien.

Virdru war hien, vu September 2013 bis September 2015, Minister fir Telekommunikatioun ënnert dem Premierminister Tony Abbott. Schonns ënnert dem John Howard war hien, bis Dezember 2007. Ëmweltminister. Vu September 2008 bis Dezember 2009 war hien Oppositiounsleader.

De 24. August 2018 huet den Turnbull wéinst parteiinterne Muechtkämpf als Parteichef a Premierminister missen zeréckgetrieden. De Scott Morrison gouf säin Nofollger.

Vu Beruff ass den Turnbull ursprénglech Affekot an Investmentbanker.

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Malcolm Turnbull – Biller, Videoen oder Audiodateien