Malcolm Young

Vu Wikipedia
(Virugeleet vu(n) Malcom Young)
Malcolm Young
Gebuertsnumm Malcolm Mitchell Young
Pseudonym The Riffmaker
Gebuer 6. Januar 1953
Glasgow
Gestuerwen 18. November 2017
Elizabeth Bay
Doudesursaach Demenz
Nationalitéit Australien
Educatioun Ashfield Boys' High School
Aktivitéit Gittarist, Museker, Lidderschreiwer, Museksproduzent
Member vun AC/DC
Famill
Geschwëster George Young, Alexander Young, Angus Young

De Malcolm Mitchell Young, gebuer de 6. Januar 1953 zu Glasgow a Schottland, a gestuerwen zu Elizabeth Bay den 18. November 2017[1] war en australesche Museker (Gittarist). Seng Eltere sinn 1969 an Australien ausgewandert, wou hien 1973 d'Rockband AC/DC gegrënnt huet. Säin eelere Brudder George Young war Member vun der Grupp The Easybeats.

De Malcolm Young war ee vun deene wichtegste Leit bei AC/DC well hie Lidder geschriwwen huet an als Leader vun der Grupp gegollt huet. Säi Gittarestil war immens drockvoll an hie gouf vu ville Fans a Fachjournalisten als bëschte Rhythmusgittarist vun der Welt bezeechent. Hie war jorelaang mat Alkoholproblemer geplot.

2014 hat hien annoncéiert, datt hien en Traitement géint Demenz suivéiere géif an datt hien dofir mat AC/DC ophale géif.

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Malcolm Young – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen an Notten[Quelltext änneren]

  1. Musekswelt an Trauer - Ee Mount no sengem Brudder, Malcolm Young vun AC/DC ass dout op rtl.lu den 18. November 2017