Malmö
Malmö
['malmø:] ? / i (dänesch: Malmø) ass eng Groussstad a Schweden an der historescher schwedescher Provënz Schonen (Skåne), an Haaptstad vun der haiteger Provënz Skåne souwéi Haaptuerschaft vun der Gemeng Malmö.
Malmö ass mat ca. 300.000 Awunner (2011) no Stockholm a Göteborg déi drëttgréisst Stad vum Land.
Inhaltsverzeechnes |
Geographie [änneren]
Malmö läit am äusserste Süde vum Land. D'Entfernung bis op Mailand (ca. 1.159 km) ass méi kleng wéi déi op Kiruna, déi nërdlechst Stad vu Schweden (ca. 1.392 km). No Kopenhagen, dat nëmme 27 km ewech ass, si Göteborg (ca. 214 km), Kiel (ca. 232 km), Hamburg (ca. 300 km), Oslo (ca. 498 km) a Stockholm (ca. 514 km) déi Groussstied, déi am nooste bäi sinn.[1]
Zënter der Aweiung vun der Öresundbréck am Joer 2000 forméiert d'Metropolregioun Malmö zesumme mat Kopenhagen, dat um Öresund géigeniwwer läit, ee vun den Zentre vun der Öresundregioun. D'Stad huet eng eege Plage.
Staddeeler [änneren]
Zënter 1996 gëtt Malmö an déi folgend zéng Staddeeler agedeelt, déi hirersäits nees an zesummen 134 Deelgebidder opgedeelt sinn. Zum Stadgebitt (schwedesch: Tätort) vu Malmö gehéiert och dat direkt nërdlech uschléissend Arlöv, Haaptuertschaft vun der Gemeng Burlöv (538 Hektar vun der Fläch vum Stadgebitt Malmö mat 10.284 Awunner, 2010).[2]
|
Galerie [änneren]
Um Spaweck [änneren]
| Commons: Malmö – Biller, Videoen oder Audiodateien |
- Websäit vu Malmö (schwedesch)
- Websäit vu Malmö (verschidde Sproochen)
- Bild vun der Stad 1588 an Civitates orbis terrarum vum Georg Braun a Frans Hogenberg
Referenzen [änneren]
- ↑ www.entfernung.org – all Angabe si Loftlinn.
- ↑ Tätorter 2010, Informatiounsschrëft vum schwedesche Statistikamt SCB (schwedesch)