Malta

Vu Wikipedia
Wiesselen op: Navigatioun, sichen


Repubblika ta' Malta
Republic of Malta

Maltesesche Fändel

Maltesescht Wopen

Detailer

Detailer
National Devise: "Duerch de Courage an d'Konstanz"
EU location MLT.png
Offiziell Sprooch: Maltesesch, Englesch
Haaptstad: Valletta
Staatsform: Republik
 • President: George Abela
 • Premierminister: Joseph Muscat
Fläch: 315,5 km²
Bevëlkerung: 404 039 [1]
 • Bevëlkerungsdicht: 1282/km²
Onofhängegkeet: vu Groussbritannien,
den 21. September 1964
Nationalfeierdag: 21. September
Nationalhymn: L-Innu Malti
(Lauschteren)
Währung: Euro
(Virun 2008: Maltesesch Lira)
Zäitzon: UTC +1
Internet TLD: .mt
Internationalen
Telefonsprefix
:
+356
Malta Kaart cia.png

D'Republik Malta (malt.: Repubblika ta'Malta) ass dee klengsten europäeschen Inselstaat am Mëttelmier a klengste Memberstaat vun der EU.

Geschicht[änneren | Quelltext änneren]

Den Europafändel 2004

Déi éischt Mënsche sinn ongeféier 5000 v. Chr. vu Sizilien aus op Malta komm. 4000 - 3000 v. Chr. sinn d'Megalith-Tempele gebaut ginn. Malta stoung ënner dem Afloss vu ville Kulturen. Fir d'éischt ware Phenizier do, duerno d'Griichen, da bis 218 v. Chr. d'Karthager. Vun 218 bis 201 v. Chr. huet den Zweete Punesche Krich gedauert an d'Réimer hunn d'Muecht op Malta iwwerholl. Am Joer 60 ass den Apostel Paulus op Malta ukomm an huet d'Insel evangeliséiert. Dunn ass d'Insel an d'Hänn vun de Vandalen iwwergaangen, duerno an déi vun de Goten. Déi goufe vun de Byzantiner verdriwwen a sou war Malta bis 870 vum byzantinesche Räich besat. 870 war d'Invasioun vun den Araber op der Insel. Si koume vu Sizilien eriwwer. 1090 hunn d'Normannen d'Muecht iwwerholl, du koumen d'Aragonier, bis 1530 d'Osmanen ugefaangen hunn, Malta unzegräifen. D'Insel, déi zu deem Zäitpunkt vum Malteseruerde regéiert gouf, konnt sech géint d'Ugrëff vun den Tierke behaapten.

Malta gouf den 21. September 1964 onofhängeg Groussbritannien. Den 1. Mee 2004 ass Malta an d'EU bäigetratt.

Geographie[änneren | Quelltext änneren]

Malta läit am Mëttelmier, 90 km südlech vu Sizilien. De maltesesche Staat besteet aus dräi bewunnten Inselen, Malta, Gozo a Comino souwéi dräi onbewunnten, Cominotto, Filfla a St. Pauls Island. Malta huet 245,6 km², Gozo 67 km² an de Rescht vun den Inselen 3 km². Déi gréisst Längt vu Malta huet 27 km, an déi gréisst Breet 14 km. Zu Gozo sinn et 14 km Längt a 7 km Breet. Malta huet keng Bierger a keng Flëss. Op der Küst sinn Häfen, Sandplagen a kleng Fielsebuchten.

Klima[änneren | Quelltext änneren]

Malta huet e Mëttelmierklima. De Wanter geet vu Mëtt November bis Enn Mäerz. Wann et reent oder wa Wand ass, dann héchstens 2 Deeg hannereneen. De kaalste Mount ass de Februar wou d'Temperature bis op 10 Grad Celsius an der Nuecht kënne falen. Meeschtens reent et just kuerz a staark. De Summer geet vu Mee bis September. Duerchschnëttstemperatur am Summer ass 23,5 Grad Celsius. Am Summer reent et bal ni an d'Temperaturen erreechen och rar 40 Grad am August. Malta zielt zu de Länner op der Welt wou et am mannste reent.

Ënnerdeelung[änneren | Quelltext änneren]

D'Haaptinsel Malta ass a fënnef Bezierker agedeelt, Gozo a Comino sinn zesummen de sechste Bezierk. Zanter 1993 ass Malta an 68 lokal Verwaltungseenheeten agedeelt:

Insel Malta Gozo

Politik[änneren | Quelltext änneren]

Malta huet sech den 13. Dezember 1974 zu enger parlamentarescher Republik erkläert. Vum 21. September 1964 ass Malta vu Grousbritannien onofhängeg, ass awer nach am Commonwealth. Et gëtt zwou grouss Haaptparteien: d'Nationalist Party (konservativ) an d'Malta Labour Party (sozialdemokratesch). D'Walbedeelegung läit traditionell bei iwwer 90 %. D'Parlament huet 65 Sëtz.

Bevëlkerung[änneren | Quelltext änneren]

Malta hat 2005 eng Bevëlkerung vu 404 039 Leit.[1] De Gebuertentaux ass deen niddregsten a ganz Europa a läit bei 10,1 pro Dausend.

Op Camino, der klengster bewunnter Insel, wunne just 3 Malteser.

Relioun[änneren | Quelltext änneren]

Zirka 96 % vun der Populatioun si réimesch-kathoulesch. Donieft gëtt et nach Judden a Protestanten.

Sprooch a Schrëft[änneren | Quelltext änneren]

D'Landessprooch ass Maltesesch, eng semitesch Sprooch mat arabeschem a romaneschem Aschlag. Et ass déi eenzeg semitesch Sprooch déi mat laténgesche Buschtawe geschriwwe gëtt. Englesch gëtt als zweet Amtssprooch benotzt. Als drëtt Sprooch léieren d'Malteser Italienesch an der Schoul.

Maltesesch ass e fréieren arabeschen Dialekt, mat staarkem Afloss vun der italienescher Sprooch, awer och vum Franséischen, Engleschen a Spueneschen.

Economie[änneren | Quelltext änneren]

Zanter dem 1. Januar 2008 huet Malta den Euro als Währung. Virdru war dat d'Maltesesch Lira, op Maltesesch: Lira Maltija.

Malta beschäftegt sech mam Opbau vun der Industrie an dem Tourismus, nodeem déi britesch Marine ofgezu ginn ass, fir sou de finanziellen Deel ze kompenséieren.

Opdeelung vum Bruttosozialprodukt: 25 % Industrie, 72 % Déngschtleeschtungssecteur (dovun 35 % Tourismus) an 3 % Lanwirtschaft.

Exportgidder sinn: Elektronik, Autosdeeler, Textil- a landwirtschaftlech Produkter.

Kultur[änneren | Quelltext änneren]

Kuckeswäertes[änneren | Quelltext änneren]

Verkéier[änneren | Quelltext änneren]

Op Malta gëtt lénks gefuer. Eisebunn gëtt et keng méi op der Insel.

Fotosalbum vu Malta[änneren | Quelltext änneren]

Notizen a Referenzen[änneren | Quelltext änneren]

  1. 1,0 1,1 Vollekszielung vum 27. November 2005. Source

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Malta – Biller, Videoen oder Audiodateien