Malteseruerden

Vu Wikipedia
Wiesselen op: Navigatioun, sichen
Stub W.svg Dësen Artikel ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Thema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir Hëllef braucht beim Schreiwen, da luusst bis an d'FAQ eran.

De Malteseruerden, a laanger Form op Franséisch Ordre souverain militaire hospitalier de Saint-Jean de Jérusalem, de Rhodes et de Malte, meeschtens einfach Ordre de Malte genannt, ass e kathoulesche Laienuerden.

D'Ziler vum Uerde sinn d'Verdeedegung vum Glawen an d'Hëllef fir déi Aarem (op Laténgesch: Tuitio Fidei et Obsequium Pauperum).

Den Uerden, deen an iwwer 120 Länner Vertriedungen huet, ass virun allem aktiv an der medezinescher Hëllef, sou besonnesch an der Behandlung vun der Lepra. Seng Memberen intervenéieren och an der Hëllef no Naturkatastrophen uechtert d'Welt.

De Sëtz vum Malteseruerden ass zu Roum am Palais magistral, deen de Statut vun der Extraterritorialitéit huet[1].

De Malteseruerden zu Lëtzebuerg[änneren | Quelltext änneren]

1967 huet de Malteseruerde sech zu Lëtzebuerg etabléiert.[2]

Enn Juni 2012 huet den Äerzbëschof Jean-Claude Hollerich an der Krypta vun der Kathedral an der Stad Lëtzebuerg en neie Fändel vum Malteserhëllefsdéngscht ageweit.[2]

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Referenzen an Notten[änneren | Quelltext änneren]

  1. Palazzo Malta
  2. 2,0 2,1 Monique Hermes, 2012. "Vous reconnaissez Dieu dans le prochain!". Erzbischof Jean-Claude Hollerich segnet die neue Fahne des Malteserhilfsdienstes. Luxemburger Wort vum 3. Juli 2012, S. 17.