Mammejong

Vu Wikipedia
Mammejong
Film
Produktiounsland Lëtzebuerg
Belsch
Produktiounsjoer 2013
Première 28. Januar 2015
Originalsprooch Lëtzebuergesch, Englesch
Ekipp
Regie Jacques Molitor
Dréibuch Jacques Molitor
Eric Lamhène
Fotografie Jean-Louis Schuller
Musek Kyan Bayani
Schnëtt Sophie Vercruysse
Produzent Bernard Michaux, Benoit Roland
Schauspiller
Max Thommes als Flëpp
Myriam Muller als Mamm (Sophie)
Maja Mirela Juric als Leena
Jules Werner
Christiane Rausch
Joe Blitgen
Robin Morais
Loic Pavant
Zoé Galassi
Filmportal - Filmer no Joren - Film no Länner - Film no Genre

Mammejong ass e Film vum lëtzebuergesche Regisseur Jacques Molitor.

E koum den 28. Januar 2015 an de Kino.[1]

Ëm wat geet et am Film?[änneren | Quelltext änneren]

Nom Doud vum Papp liewen de Philippe - Flëpp genannt - a seng manesch-depressiv Mamm Sophie an enger komescher Zort Symbios. Hir éierlech Léift, déi si fireneen empfannen, verstoppt eng ongesond Bezéiung, déi sech duerch géigesäiteg Ofhängegkeet a Scholdgefiller auszeechent. De Flëpp gëtt nach ëmmer wéi e Kand behandelt, a gläichzäiteg vu senger Mamm verwinnt an enger Drock gesat. Si wëll, datt hie geschwënn de Buttek vu sengem Papp iwwerhëlt, a kämpft géint Immobiliëpromoteuren, déi de Buttek wëllen opkafe fir do en Appartementshaus ze bauen.

Enges Dages trëtt dat mysteriéist Leena an dem Flëpp säi Liewen. All d'Jongen am Duerf interesséiere sech fir hatt, mee d'Sophie gesäit d'Leena als Menace. D'Leena gesäit Saachen am Flëpp, déi hie verdrängt hat. De Flëpp ass naiv, mee emotionell intelligent an erlieft e Fräiheetsgefill, dat hie virdrun net kannt huet. Hie versteet, datt hien, fir dem Leena säin Häerz ze gewannen, sech vu senger Mamm muss ofnuebelen.[2]

Produktioun[änneren | Quelltext änneren]

Mammejong gouf tëscht dem 26. September an dem 15. November 2013 gedréint. D'Opname bausse goufen zu Simmer an zu Rammerech, déi bannenan am Filmland zu Kielen opgeholl.[3]

Accueil[änneren | Quelltext änneren]

2015 sinn 3.017 Leit de Film an de Kino kucke gaangen.[4]

De Film war bei der 7. Editioun vum Lëtzebuerger Filmpräis an der Kategorie "Beschte Spillfilm" nominéiert.[5]

De Film gouf als Lëtzebuerger Bäitrag an der Kategorie "Long-métrage" fir déi drëtt Editioun vun den Trophées francophones du cinéma 2015 zu Abidjan agereecht.[6]

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Referenzen[Quelltext änneren]

  1. Info op filmakademie.éu, vum 10. Dezember 2014.
  2. Presentatioun vum Film op cineuropa.org
  3. "Grow up!" In: d'Lëtzebuerger Land Nr.39, 27. September 2013, S.14.
  4. "Box Office: 'Eng nei Zäit' un der Spëtzt bei de Lëtzebuerger Filmer." rtl.lu, 08.01.2016, 16:25:03.
  5. cineuropa.org: Luxembourg’s D’Filmakademie unveils nominations for its biennial awards (16. Dezember 2015)
  6. paperjam.lu: Quatre films luxembourgeois pour la francophonie (23. Juli 2015)