Manaus

Vu Wikipedia
Dësen Artikel ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Theema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran.
D'Ënnerstad mam Hafe vu Manaus um Rio Negro
De Bundesstaat Amazonas mat der Haaptstad Manaus

Manaus ass d'Haaptstad vum brasilianesche Bundesstaat Amazonas. Si läit um Rio Negro, eelef Kilometer weg vu senger Mëndung an den Amazonas.

An der Zäit tëscht 1870 an 1910 gouf d'Stad duerch de Gummisbam bekannt, well dës Regioun laang déi eenzeg war, aus där de Gummi koum. Haut ass Manaus nimméi wéinst der Produktioun vu Gummi, mä wéinst sengem Theater Teatro Amazonas an och als touristeschen Ausgankspunkt an den Urwald, bekannt.

Geschichtleches[änneren | Quelltext änneren]

Manaus gouf 1669 als klenge portugisesche Fort ënner dem Numm Forte de São José da Barra do Rio Negro gegrënnt.

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Manaus – Biller, Videoen oder Audiodateien