Mando Diao

Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
Wiesselen op: Navigatioun, sichen

Mando Diao ass eng schwedesch Rock-Band, déi 1999 gegrënnt gouf. Si besteet aus dem Björn Dixgårt (Gittar, Sänger), dem Gustaf Norén (Gittar, Sänger), dem Carl-Johan Fogelklou (E-Bass), dem Samuel Giers (Batterie) an dem Mats Bjöke (Keyboard).

2002 ass den éischten Album "Bring ‘Em In" vu Mando Diao erauskomm. Hir Plakkefirma huet dëse just a Schweden erausbruecht. Hiren Duerchbroch koum, wéi en Handydistributeur eent vun hire Lidder fir eng Reklamm benotzt huet. Esou koum et, datt se och international bekannt goufen, an eng zweet CD, "Hurricane Bar", erausginn hunn.

Bis ewell hate si 4 Concerten zu Lëtzebuerg:

  • Am Oktober 2005 an der Rockhal
  • Am Juni 2006 um Rock A Field zu Réiser
  • Am Juni 2008 um Rock A Field
  • Am November 2009 an der Rockhal

Um Spaweck [änneren]

Commons: Mando Diao – Biller, Videoen oder Audiodateien