Mandy Graff

Vu Wikipedia
Mandy Graff
Gebuer 27. Februar 1989
Aktivitéit Mannequin

D'Mandy Graff, gebuer de 27. Februar 1989, ass e lëtzebuergesche Mannequin.

D'Mandy Graff huet zu Lëtzebuerg fir verschidde Reklamme poséiert a bei Fotoshootinge vum Fotograf Yves Kortum matgemaach. Si huet ausserdeem bei Relooking matgemaach, enger Televisiounsserie vun RTL Télé Lëtzebuerg.

D'Mandy Graff gouf duerch déi däitsch Televisiounssendung Germany's Next Topmodel mat der Heidi Klum bekannt. Do huet si et an d'Top 15 gepackt, an dat vun uganks iwwer 16.000 Kandidatinnen. An der leschter Emissioun virun der Finall huet si d'Sendung als fënneftlescht misse verloossen.

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]