Mango
| Dëse Biologiesartikel ass eréischt just eng Skizz. Wann der méi iwwer dëst Thema wësst, sidd der häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann dir Hëllef braucht beim Schreiwen, da luusst bis an d'FAQ eran. |
Eng Mango ass eng Fruucht vum Mangobam aus der Famill vun den Anacardiaceae.
[änneren] Originnen a Verbreedung
De Mangobam kënnt aus dem Gebitt zwëschent Ost-Indien a Myanmar. Am 16. Joerhonnert ass en du vu den Araber an Afrika, an vun de Portugisen a Südamerika, haaptsächlech a Brasilien, agefouert ginn.
Haut gëtt d'Mango iwwerall do ugebaut, wou en tropescht Klima ass, ënner anerem a Süd-Asien, an Indien, an der Karibik, awer och an den USA an a Mexiko. An Europa ass Spuenien den Haaptproduzent; d'Mangobeem wuessen haaptsächlech op der Costa del Sol an op de Kanareschen Inselen.
[änneren] Beschreiwung
De Mangobam ka bis zu 40 Meter héich ginn, a seng Kroun bis zu 10 Meter breet. En huet däischtergréng Blieder, eng däischterbrong Schuel a wäiss a rosa Bléien.
D'Mango hänkt u laange Stiller um Bam a weit bis zu 2 Kilogramm. Se huet eng dënn, glat Schuel, an dorënner e mëllt bis faserecht Fleesch, deemno wéi zeideg d'Uebst ass. D'Mango huet e grousse platte Kär an dacks eng giel, heinansdo eng gréng oder rout Faarf.
| Commons: Mango – Biller, Videoen oder Audiodateien |