Manou Schauls
Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
De Manou Schauls oder Manuel Schauls, gebuer den 13. Februar 1972, ass e fréiere lëtzebuergesche Foussballspiller.[1]
Tëschent dem 4. September 1999 am 30. Mäerz 2005 huet de Manou Schauls an 38 Matcher fir déi lëtzebuergesch Foussballnationalequipe 1 Gol geschoss.[2]
An der Saison 1997/98 war de Manou Schauls beim Swift Hesper, an duerno bis 2007 bei der Jeunesse Esch a schliisslech vun 2007 bis 2009 beim FC Déifferdeng 03.[3]