Manuel Cardoni

Vu Wikipedia
Manuel Cardoni
Gebuer 22. September 1972
Lëtzebuerg
Nationalitéit Lëtzebuerg
Aktivitéit Foussballspiller, Foussballtrainer
Positioun oder
Spezialitéit
Mëttelfeldspiller
Gréisst 184 Zentimeter
Veräin/Ekipp US Rëmeleng,
Jeunesse Esch,
Jeunesse Esch,
US Rëmeleng,
Lëtzebuergesch Foussballnationalekipp
Famill
Papp Furio Cardoni

De Manuel Cardoni, genannt Manu, gebuer den 22. September 1972 zu Esch-Uelzecht, ass e fréiere lëtzebuergesche Foussballspiller a Foussballtrainer.[1]

Tëscht dem 20. Mee 1993 am 13. Oktober 2004 huet hien a 69 Matcher fir déi lëtzebuergesch Foussballnationalekipp gespillt an dobäi 5 Goler geschoss.[2]

Tëscht 1994 an 2000 gouf hie 4-mol mam Challenge Guy Greffrath als Foussballspiller vum Joer aus dem Lëtzebuerger Foussballchampionnat geéiert.

Vun 1990 bis 1992 huet hie fir d'US Rëmeleng gespillt. Duerno war hie vun 1992 bis 1996 bei der Jeunesse Esch wou hien no zwou Saisone bei Bayer Leverkusen 1998 zeréckkomm ass a wou hie bis 2006 gespillt huet.[3]

Vun der Saison 2008/2009 u war hie Kotrainer bei der US Rëmeleng ier hien de 27. Abrëll 2010 d'Plaz als Trainer krut.[4]

Hien ass bestuet, an huet zwéi Bouwen an zwee Meedercher. Säi Papp, de Furio Cardoni, war och e Foussballspiller bei der US Rëmeleng.

Referenzen[Quelltext änneren]

  1. De Foussballspiller Manuel Cardoni op der Websäit transfermarkt.de
  2. D'Lännermatcher vum Manuel Cardoni op der Websäit European Football
  3. D'Carrière vum Manuel Cardoni op der Websäit National Football Teams
  4. De Foussballtrainer Manuel Cardoni um Site transfermrkt.de