Manuel II. vu Portugal

Vu Wikipedia
Manuel II. vu Portugal
Pseudonym O Patriota, O Rei-Saudade
Gebuer 15. November 1889
Lissabon
Gestuerwen 2. Juli 1932
London
Doudesursaach Erstécken
Nationalitéit Portugal
Aktivitéit Monarch
Famill
Bestuet mat Auguste Viktoria vun Hohenzollern

De Manuel II. (mam ganzen Numm: Manuel Maria Filipe Carlos Amélio Luís Miguel Rafael Gonzaga Xavier Francisco de Assis Eugénio de Saxe-Coburgo-Gotha e Bragança), gebuer de 15. November 1889 zu Lissabon a gestuerwen den 2. Juli 1932 zu Fullwell Park, war de leschte Kinnek vu Portugal. Hie koum aus der portugisescher Branche vun de Wettiner vum Haus Sachsen-Coburg-Gotha.

Den 1. Februar 1908 ass hien, mat just 18 Joer, op den Troun komm, wéi säi Papp de Kinnek Carlos I. a säi grousse Brudder, de Krounprënz Luís Filipe, bei engem Attentat ëm d'Liewe koumen.

De Manuel huet probéiert, déi politesch Situatioun ze berouegen (Politica de Acalmação genannt), andeems e mat der Verfollgung géint déi republikanesch a sozialistesch Tendenzen opgehalen huet. Déi ware vu sengem Papp an deem sengem Ministerpresident João Franco bluddeg ënnerdréckt ginn, wat d'Attentat op deen als Suite hat. De Manuel huet d'Zensur opgehuewen an Neiwalen zougelooss. Mä et ass him net gelongen, déi schlecht Reputatioun vun der Monarchie wiesentlech ze verbesseren.

Den 3. Oktober 1910 gouf de republikaneschen Deputéierte Miguel Bombarda, e Psychiater an ee vun den Haaptleit vun der republikanescher Beweegung, ënner ongekläerten Ëmstänn vun engem fréiere Patient ermuert. Och wann d'Dot kee politeschen Hannergrond hat, koum et dach zu Protestmanifestatiounen uechter d'ganzt Land. Zwéin Deeg drop gouf eng provisoresch Regierung ënner dem Republikaner Teófilo Braga op d'Bee gesat, an de 5. Oktober 1910 gouf zu Porto d'Republik ausgeruff. De Manuel II. goung an England an den Exil, woumat déi 771-järeg Geschicht vum Kinnekräich Portugal op en Enn goung.

1913 huet hien an England d'Auguste Viktoria von Hohenzollern-Sigmaringen bestuet. Si krute keng Kanner.