Maragole

Vu Wikipedia
D'Maragole am Plon

D'Maragole ass eng Baach am Südweste vu Lëtzebuerg, an engem klengen Dall tëscht Rodange a Rolleng.

Si entsteet aus dem Zesummelaf vun 2 Grief am Oste vu Rodange, op enger Héicht vun 278 Meter. Se leeft dann duerch de Flouer Plon, en deelweis suppegt Gebitt, an deem laanscht Baach Kappweide stinn. Duerno leeft se ënner der Rue de la Maragole erduerch fir an d' Ronnwiss ze kommen. Soubal wéi se do op d' Héicht vun der Avenue de la Gare kënnt, ass se fir de Rescht vun hirem Laf, op enger Längt vu ronn 800 Meter ënnierdesch a Réier agespaart, fir op der Grousswiss da vu lénks an d'Kuer ze lafen.

Si ass am Ganzen ongeféier 1.600 Meter laang, an als Niewefloss vun der Kuer, ass et zu Lëtzebuerg eng vun de wéinege Baachen déi zum Meusebaseng gehéiert.

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]