Marc Birsens

Vu Wikipedia
Marc Birsens
Gebuer 17. September 1966
Lëtzebuerg
Nationalitéit Lëtzebuerg
Aktivitéit Foussballspiller, Foussballtrainer
Positioun oder
Spezialitéit
Ofwierspiller
Veräin/Ekipp Racing FC Union Lëtzebuerg,
Union Lëtzebuerg,
CS Gréiwemaacher,
Union Lëtzebuerg,
US Rëmeleng,
Lëtzebuergesch Foussballnationalekipp,
Racing FC Union Lëtzebuerg

De Marc Birsens, gebuer de 17. September 1966 an der Stad Lëtzebuerg[1] ass e fréiere lëtzebuergesche Foussballspiller a Foussballtrainer.[2]

Tëscht dem 27. Abrëll 1988 an dem 23. Februar 2000 huet de Marc Birsens 53-mol fir déi lëtzebuergesch Foussballnationalekipp gespillt.[3]

Vun 1986 bis 1996 huet hie fir d'Union Lëtzebuerg gespillt a ass fir d'Saison 1996/97 bei den CS Gréiwemaacher gaange fir duerno nees bis 2000 bei d'Union Lëtzebuerg zeréckzekommen. Vun 2000 bis 2002 huet hie fir d'US Rëmeleng gespillt.[4]

Zanter dem 1. Juli 2011 ass de Marc Birsens Trainer vun der lëtzebuergescher U17 Foussballnationalekipp.[5]

Referenzen[Quelltext änneren]

  1. De Marc Birsens op Football Database.eu
  2. De Marc Birsens als Trainer op der Websäit transfermarkt.de
  3. Dem Marc Birsens seng Lännermatcher op der Websäit vun European Football
  4. Dem Marc Birsens seng Carrière op der Websäit National Football Teams
  5. Déi lëtzebuergesch U17 Foussballnationaekipp op der Websäit vun der FLF ofgeruff den 29. Oktober 2011