Marc Biver

Vu Wikipedia

De Marc Biver, gebuer den 21. November 1951 an der Stad Lëtzebuerg, ass e lëtzebuergesche Manager deen zanter sengem aachte Liewensjoer an der Schwäiz wunnt.

Hien ass mat 21 Joer beim Schwäizer Auerefabrikant Omega erakomm a koum do relativ séier un d'Spëtzt vum Département "Zäitmiessung am Sport", wou e siwe Joer laang bliwwen ass. Op där Plaz koum hien a Kontakt mat verschiddenen héichkarätege Sportler, wat hien dozou bruecht huet fir 1982 d'Sportmarketingfirma Marc Biver Development ze grënnen. Hien hat eng Rei Spëtzesportler ënner Kontrakt; et waren dat Leit wéi de Schifuerer Pirmin Zurbriggen an de Vëlossportler Tony Rominger. Dës Firma ass 1992 vun der Schwäizer Filial vum International Management Group (I.M.G.) iwwerholl ginn an där de Marc Biver Generaldirekter gouf. Ënner sengem Impuls gouf I.M.G.-Schwäiz am Joer 2000 Organisateur vum Tour de Suisse an 2002 Organisateur vum Tour de Romandie. An dësen zwou Etappecoursse war hien och Tour-Direkter. No zwielef Joer ass de Marc Biver Enn Januar 2004 bei der I.M.G.-Schwäiz zeréckgetrueden a gouf op där Plaz am Mäerz 2004 vum Christian Pirzer ersat, deen niewendrun nach ëmmer I.M.G.-Däitschland weidergeleet huet.

2006 krut de Marc Biver vum Danijal Achmetow, dem Premierminister vum Kasachstan an zugläich President vum kasachsesche Vëlosverband, e Kontrakt fir véier Joer als Generaldirekter vun engem neien Astana Cycling Team. Virum Tour de France 2006 war déi spuenesch Virgängerekipp Liberty Seguros, déi deemools vum Sportdirekter Manolo Saiz gefouert gouf, duerch e puer Cyclisten an hire Reien, an d'Fuentes-Affär mat Bluttdoping verwéckelt ginn. Fir 2007 huet et du gegollt fir eng reng kasachesch ProTour-Lizenz vun der Union cycliste internationale (U.C.I.) ze kréien.

Zanter 2009 ass hie President vum Schwäizer Triathlonverband.[1]

Hien ass de Brudder vum Jean-Claude Biver.

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Referenzen[Quelltext änneren]

  1. De Marc Biver op der Säit vu Swiss Triathlon Archivéiert op 2011-02-28. Gekuckt de(n) 2011-02-28.