Marc Glesener (Journalist)

Vu Wikipedia
Dësen Artikel beschäftegt sech mat dem Journalist Marc Glesener. Fir aner Leit mam selwechten Numm, kuckt wgl. Marc Glesener.
De Marc Glesener 2008 bei engem Presseclub am Europahaus.

De Marc Glesener, gebuer 1969 zu Esch-Uelzecht[1], ass e lëtzebuergesche Journalist a Kommunikatiounsberoder. Hie war vum 1. Januar 2010 bis den 1. September 2012 Chefredakter vun der Dageszeitung Luxemburger Wort.

De Marc Glesener huet op der Universitéit Metz-Nancy Droit studéiert, a gouf 1990 Korrespondent vum Luxemburger Wort. 1992 huet hien als Lokalredakter beim Wort ugefaangen an och eng Zäitche fir de Radio DNR geschafft. Vun 1995 un huet hien an der Redaktioun fir Innepolitik geschafft. E gouf fir ee Joer Sekretär vun der CSV-Chambersfraktioun, ier en 2005 Chef vun der Rubrik Innepolitik gouf. Am Dezember 2006 gouf de Marc Glesener zum Chefredakter-adjoint vum Wort ernannt, kuerz duerno zum Sous-Direkter an annerhallef Joer drop zum delegéierte Chefredakter.[2]

Den 19. Juli 2012 gouf matgedeelt, datt de Marc Glesener Saint-Paul Luxembourg op den 1. September géif verloossen[3].

Hien ass Member vun der Union des Journalistes Luxembourg a vun 2008 bis 2010 Member vum Conseil de presse. Virdru war hie Generalsekretär vun der CSJ.[2]

Am Dezember 2015 gouf hien zum Pressespriecher vun der FSHCL ernannt,[4] Mandat wat hien 2017 néiergeluecht huet.[5]

De Marc Glesener ass bestuet. Hien ass de Jong vum Marcel Glesener.

Publikatiounen[änneren | Quelltext änneren]

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Marc Glesener – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen[Quelltext änneren]

  1. "Neue Führungsmannschaft: Luxemburger Wort hat neuen Direktor und neuen Chefredakteur." wort.lu, 31.12.2009 10:12.
  2. 2,0 2,1 "Neue Führungsmannschaft...", wéi uewen.
  3. Marc Glesener verlässt Saint-Paul Luxembourg s.a., wort.lu, 19. Juli 2012
  4. wort.lu 24. Dezember 2015
  5. Marc Glesener trëtt als Pressespriecher vun der FSHCL zréck, rtl.lu 7. Februar 2017