Marc Oberweis
Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
De Marc Oberweis, gebuer de 6. November 1982 an der Stad Lëtzebuerg, ass e lëtzebuergesche Foussballspiller.[1]
Hie krut den 30. Mäerz 2005 am Kader vun der WM-Qualifikatioun 2006 géint Lettland eng éischte Kéier d'Méiglechkeet sech als Golkipper am A-Kader vun der Lëtzebuerger Nationalequipe ze beweisen an ass bis de 14. November 2009 7 mol agesat ginn.[2]
Zënter 2009 spillt hie fir d'Jeunesse Esch. Vun 2004 bis 2009 stoung hie fir CS Gréiwemaacher am Gol. Do virdrun war hie Golkipp zu Diddeleng.