Marc Olinger
De Marc Olinger, gebuer de 6. Januar 1946 zu Lëtzebuerg, ass e lëtzebuergesche Film- an Theaterschauspiller a Regisseur.
De Marc Olinger war viru senger Schauspiller- a Regisseurscarrière 15 Joer laang Lycéesprofesser. Hien ass 1972 ee vun de Matgrënner vum TOL gewiescht a war bis 1985 Direkter dovunner.
Haut ass de Marc Olinger Direkter vum Kapuzinertheater. Hie spillt zesumme mam Fernand Fox an enger Rei vu Filmspote fir eng lëtzebuergesch Assurance mat a war eng Zäitche Presentateur an der Kichesendung op RTL Hei-Elei.
Hien ass bestuet mat der Claudine Pelletier.
Inhaltsverzeechnes |
[änneren] Filmer (Auswiel)
[änneren] als Regisseur
- E Fall fir sech (1984) Regie mam Menn Bodson
- Déi zwéi vum Bierg (1985) Regie mam Menn Bodson a Gast Rollinger
- De falschen Hond (1989) Regie mam Menn Bodson a Gast Rollinger
- E Liewe laang (1992)
[änneren] als Schauspiller
- Déi zwéi vum Bierg (1985)
- Troublemaker (1988)
- E Liewe laang (1992)
- Le Club des Chômeurs (2002), vum Andy Bausch
- Deepfrozen (2006), vum Andy Bausch
- Réfractaire (2009), vum Nicolas Steil
- Humains (2009), vum Jacques-Olivier Molon a Pierre-Olivier Thevenin
- Lingo vino (2009) vum Daniel Texter
- D'Symmetrie vum Päiperlek (2012) vum Paul Scheuer a Maisy Hausemer
[änneren] Assurance-Reklamms-Filmer
Zesumme mam Fernand Fox huet de Marc Olinger d' "Haaptrollen" an enger Serie vu Reklamms-Filmer fir eng Assurance. Dës Kuerzfilmer si meeschtens Parodien op Blockbuster-Filmer. Nom Ben Hur, Indiana Jones an dem Dances with Wolwes
- Les tribulations d'une tondeuse à gazon, 1998
- Les ragots, 2000, vun der Geneviève Mersch
- Super-Agent LAURA JONES, 2002,
- Harry Pätter, 2004,
- Terminator-Fox, 2006, eng Parodie op dem James Cameron säi Terminator 2 vun 1991