Marc Pauly

Vu Wikipedia
Dëse Mathematiksartikel ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Theema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran.
Marc Pauly
Gebuer 1972
Nationalitéit Lëtzebuerg
Educatioun University of Oxford
Aktivitéit Mathematiker

De Marc Pauly, gebuer 1972, ass e lëtzebuergesche Mathematiker a Fuerscher.

Als Schüler vum Lycée de garçons de Luxembourg huet hien an de Joren 1988, 1989 an 1990 d'Olympiade mathématique belge gewonnen. An deene selwechte Joren huet hien un der Internationaler Mathematik-Olympiad deelgeholl an do zwou Bronze-Medailen an eng Gold-Medail gewonnen. Domat ass hien dee Lëtzebuerger mat de beschte Resultater, zanter datt Lëtzebuerg bei mathematesche Kompetitioune matmécht.

No senger Première 1990 huet hie Mathematik zu Bréissel studéiert an op verschiddene Plazen zu Bréissel an zu Paräis Fuerschung bedriwwen. Vun 2006 bis 2012 huet hien an der École centrale de Pékin, enger franséischer Universitéit zu Peking, geschafft. Duerno war hie bis 2016 am Lycée du Parc zu Lyon Mathematikprofesser. Zanterhier schafft hie beim STATEC.