Marc Spautz

Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
Wiesselen op: Navigatioun, sichen

De Marc Spautz, gebuer den 10. Abrëll 1963 zu Esch-Uelzecht[1], ass en CSV-Politiker a Gewerkschaftler.

De Marc Spautz huet am Lycée technique d'Esch-sur-Alzette an am Lycée technique privé Émile Metz eng Ausbildung als Mécanicien gemaach a vun 1978 un an deem Beruff geschafft. 1984-1985 huet hie bei der WSA geschafft, vun 1985-1989 vei der Cegedel. Zu där Zäit huet hie sech gewerkschaftlech engagéiert. 1990-1996 war hie Gewerkschaftssekretär vum LCGB, 1996-1998 Vize-Generalsekretär an 1998-2009 Generalsekretär.[1]

Zënter 1981 ass de Marc Spautz Member vun der CSV. 1994-2013 war hien am Schëfflenger Gemengerot, wouvunner 2000-2005 an 2011-2013 Schäffe war. 2004 gouf hien an d'Chamber gewielt an 2009 erëmgewielt.[1] Vum 14. November 2009 bis den 10. Mäerz 2012 war hie Generalsekretär vu senger Partei.[2]

Am Oktober 2011 gouf hie Fraktiounschef vun der CSV an der Chamber, als Nofolger vum verstuerwene Lucien Thiel.[3]

Den 30. Abrëll 2013 huet hie säi Parlamentsmandat néiergeluecht a gouf als neie Minister an der Regierung Juncker-Asselborn II vereedegt, zoustänneg fir Familljen- an Integratiounspolitik, fir Kooperatioun an humanitär Hëllef an d'Bezéiunge mam Parlament, fir déi bis dohin d'Marie-Josée Jacobs, resp. d'Octavie Modert responsabel waren.[4].[5]

De Marc Spautz ass de Jong vum Jean Spautz.

Um Spaweck [änneren]

Referenzen [änneren]

  1. 1,0 1,1 1,2 Fiche Marc Spautz op gouvernemnet.lu, gekuckt 2013-05-19.
  2. "CSV: Laurent Zeimet neie Generalsekretär." RTL.lu - 10.03.2012, 08:44 | Fir d'lescht aktualiséiert: 10.03.2012, 19:20.
  3. "Marc Spautz neie Fraktiounspresident bei der CSV." RTL.lu, 11.10.2011, 06:56 | Fir d'lescht aktualiséiert: 11.10.2011, 12:05.
  4. "Remaniement ministériel." Communiqué vun der Regierung, 27-04-2013 op gouvernement.lu.
  5. "Martine Hansen a Marc Spautz sinn elo offiziell Minister." RTL.lu - 29.04.2013, 18:29 | Fir d'lescht aktualiséiert: 30.04.2013, 14:13.