Marc Thoma

Vu Wikipedia
Marc Thoma
De Marc Thoma, Januar 2015
Gebuer 1946
Nationalitéit Lëtzebuerg
Aktivitéit Journalist, Filmregisseur

De Marc Thoma, gebuer 1946, ass e lëtzebuergesche Journalist a Filmregisseur.

Hien huet zu München d'Journalisteschoul absolvéiert an zu Tréier Politikwëssenschaften, Soziologie a Geschicht studéiert.

Am Kader vu senge journalisteschen Aarbechte bei RTL ëm déi sougenannt "Fierschteraffär" huet hien e Prozess géint de Lëtzebuerger Staat virum Europäesche Geriichtshaff fir Mënscherechter gewonnen[1]. Hien huet jorelaang zesumme mam Nico Graf an de Bommeleeëraffär recherchéiert an hat bis Enn 2016 eng wëchentlech Rubrik mam Numm Den Nol op de Kapp op RTL Télé Lëtzebuerg.[2]

De Marc Thoma krut 2003 d'Vermeil-Medail vum Ordre de Mérite fir 20 Joer Journalismus.

Filmer als Regisseur[änneren | Quelltext änneren]

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Marc Thoma – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen[Quelltext änneren]

  1. Den Arrêt an der "Fierschteraffär" vum 29. Mäerz 2001 (fr) (en).
  2. Gabrielle Seil: "Post aus dem Himmel". Revue 10/2012, 10.03.2012.